Corona-Kris Manner Chancëgläichheet wéinst Corona-Kris

Fraen kéinte vun der Kris, déi duerch d'Pandemie ausgeléist gouf, méi haart getraff gi wéi Männer. Am Confinement goufen d'Inegalitéiten verschäerft, esou Membere vun der Chancëgläichheets-Kommissioun am Europaparlament. Si fuerderen, datt d'Hëllefsmesuren, déi elo op d'Bee gesat ginn, dëser Entwécklung entgéint wierke mussen.

Danièle Weber (Bréissel) / cbi

Chancëgläichheet
Symbolbild. Foto: EU / Claudio Centonze

Och wa genee Analysen nach net virleien, kann een elo scho soen: Wat d'Chancëgläichheet ugeet, huet dës Kris d'Situatioun net besser gemaach.

"Et besteet keen Zweiwel drun, datt um gesondheetlechen, sozialen, ekonomeschen a Sécherheetsplang Fraen a Meedercher besonnesch haart getraff sinn. D'Kris mécht all d'Inegalitéiten, déi et souwisou scho gëtt, méi grouss", sot déi schweedesch Sozialdemokratin Helen Fritzon e Méindeg an der Sitzung vun der Chancëgläichheetskommissioun vum Europaparlament.

Dalli: Kommissioun amgaang Lektiounen ze zéien

Mat dobäi déi zoustänneg EU-Kommissärin Helena Dalli, déi dee Constat confirméiert:

"Fraen hunn dee gréissten Deel vun der Laascht gedroe fir d'Schoul a Crèche ze ersetzen a gläichzäiteg vun doheem ze schaffen. Si hunn och dee gréissten Deel vun der Aarbecht an de Spideeler, den Altersheimer oder un der Keess am Supermarché gemaach. Vill vun hinnen hunn eng haart Zäit hanneru sech. Dat mécht der Kommissioun Suergen a mir sinn amgaang eis Lektioun aus der Kris ze léieren, fir kënnen drop ze reagéieren."

Op alle Fall misst bei all den Hëllefsmesuren, déi elo an der Maach sinn, dës speziell Situatioun mat berücksichtegt ginn, esou eng vun de Fuerderunge vum Parlament. D'Revendicatioune sollen an engem spezielle Covid-19-Rapport festgehale ginn.

Istanbul-Konventioun: Sechs EU-Länner hunn nach net ratifizéiert

D'Kommissioun hat viru Kuerzem eng Chancëgläichheets-Strategie presentéiert. Dat war virun der Corona-Kris, elo géifen nodréiglech d'Konsequenze vun der Kris mat an de Plang ageschafft ginn, esou d'EU-Kommissärin.

Zougeholl huet wärend der Kris och d'Gewalt doheem. Schonn 2017 huet d'EU d'Konventioun vun Istanbul ënnerschriwwen, déi ënner anerem legal Mesuren op deem Gebitt virgesäit. Sechs Memberlänner hunn déi Konventioun awer nach ëmmer net ratifizéiert. Ufanks Mee hat sech eng Majoritéit vum ungaresche Parlament explizitt dogéint ausgeschwat.

D'Kommissioun reagéiert zeréckhalend. Mat deene Länner, déi d'Konventioun net ëmgesat hunn, géif een iwwer alternative Gesetzer schwätzen, esou d'Helena Dalli.

Do war et d'Fro vun der bayrescher Sozialdemokratin Maria Noichl un d'Kommissioun, wéi een dofir ka suergen, datt Länner, déi géint de Gläichsstellungsprinzip verstoussen, zur Rechenschaft kënne gezu ginn?

Datt permanent géint dës Reegele verstouss gëtt, weess och d'Kommissioun. Hir Moyenen dogéint virzegoe si beschränkt. Den Ablack gëtt dru geschafft d'Prozedur, déi soll dofir suergen, datt d'Rechtsstaatlechkeet muss agehale ginn, méi streng gemaach gëtt. Een Deel dovu misst och de Respekt vum Prinzip vun der Chancëgläichheet sinn, versprécht d'EU-Kommissärin Helena Dalli.

"Mir sinn nach net eraus aus der Kris, mir musse weider evaluéieren, et kënne sech nach vill Saache verännere wärend deem Prozess."


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / / Danièle Weber
Lauschteren

Méi zum Thema

E Kand an enger Crèche
Deconfinement

Fir d'Kanner wéi och fir d'Strukture wier et gutt, datt e Méindeg d'Crèchen erëm opginn, mengt den Arthur Carvas. Et missten awer nach eng Rei organisatoresch Tâche gereegelt ginn.

Danièle Weber Analys
EU-Mesurë geint Coronakris

Däitschland a Frankräich proposéieren ee 500 Milliarden-Euro Hëllefspaak fir d'EU. Dogéint gëtt et elo schonn Oppositioun. Wéi eng Chancen huet dee Plang, fir vun den anere Memberlänner ugeholl ze ginn?

Laura Zuccoli Meenung
Fräie Mikro

Verschidde Bevëlkerungsgruppe si méi vun der Corona-Kris betraff wéi anerer. Nei Approchen an aner Moyene gi gebraucht fir d'Erausfuerderunge vu muer zesummen ze meeschteren, mengt d'Laura Zuccoli.

Barbara Gorges-Wagner
Kanner - a Jugendtelefon

De Kanner- a Jugendtelefon gouf d'lescht Joer 782 mol ugeruff. Meeschtens goung et ëm d'Theema psychesch Gesondheet. D'Kanner schwätzen iwwer Angscht, Stress, Drock. An och an der Corona-Kris huet de Service en oppent Ouer.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen