Weltfussballverband FIFA "Paff, datt d'FIFA sech wonnert"

Kritik um Weltfussballverband FIFA vun der DP-Deputéiert a fréier Presidentin vum Europarot, Anne Brasseur. D'Ofsetze vun de Cheffe vun der Ethikkommissioun kéint zu engem Retard an den internen Enquête féieren. Et misst ee sech d'Fro stellen, ob d'FIFA mat där Taktik wéilt Zäit erausschloen.

Carole Schimmer / mak

Anne Brasseur
Anne Brasseur, DP-Deputéiert a fréier Presidentin vum Europarot

"Ech gesi näischt vun de versprachene Reformen, mä ech gesinn, datt en Diego Maradona als Conseiller engagéiert gëtt", sot d'Anne Brasseur an engem Interview mat der "Frankfurter Allgemeine Zeitung". D'Politikerin vun der DP, déi am Europarot Rapportrice vun der Commissioun "Good Gouvernance am Futtball" ass, denoncéiert déi rezent Personaldecisioune bannent der FIFA.

"Ech hu gelies, datt de President vun der FIFA, den Gianni Infantino iwwerrascht driwwer wier, datt géint d'FIFA ee Bashing géing gemaach ginn", sot d'Anne Brasseur op der Antenn vum radio 100,7. "Ech si paff driwwer, datt ee sech bei der FIFA wonnert, datt Zweiwel um Reformwëllen opkommen." Et wieren zwee vun deene Chefenquêteuren, déi sech ëm Vergaangenheet vun der FIFA gekëmmert hätten, ofgesat ginn.

"Ech si paff"

"An ech sinn och paff iwwert d'Aart a Weis, wéi dat geschitt ass." Déi betraffe Juristen, de Joachim Eckert an de Cornel Borbely, wieren eréischt iwwert hir Ofsetzung informéiert ginn, wéi se schonn um FIFA-Kongress am Bahrain ukomm waren, kritiséiert d'Anne Brasseur. Et géif ee sech méi Froe stellen, wéi een Äntwerte géif kréien.

Och den Chef vun der Kommissioun iwwert d'Gouvernance, den Miguel Poiares Maduro, gouf ofgesat. Déi Leit, déi se ersetzen, wiere wuel gutt Leit, sou d'DP-Deputéiert. Ee Beispill wier de fréiere President vum Europäesche Geriichtshaff, de Vassilios Skouris. "Mä déi Leit musse sech eréischt an d'Matière aschaffen", ënnersträicht d'Anne Brasseur. Honnerten Enquêtë bannent der FIFA géife riskéieren ze schleefen.

Verzögert d'FIFA?

D'Anne Brasseur ass verwonnert iwwert verschidden Aussoe vum FIFA-President Gianni Infantino. Deen hat d'Remplacementer domat begrënnt, datt d'Juristen net séier genuch geschafft a keng gutt Aarbecht geleescht hätten. An engem Interview mat der "Neuen Züricher Zeitung" hat d'Fatma Samoura, d'Generalsekretärin vun der FIFA nach deklaréiert, déi Leit géifen eng exzellent Aarbecht maachen. "Nëmmen e puer Deeg drop ginn déi Experten dann net méi gebraucht", seet d'Anne Brasseur. Et misst ee sech d'Fro stellen, wat dohannert géing stiechen.

Verwonnert ass d'Anne Brasseur och iwwert d'Aart a Weis, wéi d'FIFA dee Remplacement an d'Weeër geleet huet. D'Membere vum Comité, déi um Kongress driwwer ofgestëmmt hunn, kruten d'Nimm vun de Remplaçanten eréischt um Kongress selwer matgedeelt. Dat verstéisst an den Ae vum Anne Brasseur géint d'Reegele vun der FIFA.

D'Anne Brasseur am Interview mam Carole Schimmer

Méi zum Thema

Anne Brasseur
Weltfussballverband FIFA

Kritik un der FIFA vum Anne Brasseur, DP-Deputéiert a fréier Presidentin vum Europarot. De Weltfussballverband géif sech selwer am Wee stoen, wann d'Cheffe vun der Ethikkommissioun ofgesat géife ginn.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen