Gesondheetssecteur Manktem un Infirmièren: "Verschidde Patiente mussen an d'Ausland"

Zu Lëtzebuerg musse verschidde Patienten an d'Ausland transferéiert ginn, well net genuch Personal do ass fir sech ëm si ze këmmeren, sou d'Presidentin vun der Infirmiers-Associatioun ANIL. Am Moment ginn et eng 6.000 Infirmièren an Infirmieren hei am Land.

Rick Mertens (Interview) / Chris Zeien (Web)

Anne-Marie Hanff
D'Anne-Marie Hanff ass d'Presidentin vun der Infirmiers-Associatioun ANIL

D'ANIL-Presidentin ënnersträicht, datt d'Problemer géife weider wuessen, och well vill Leit scho virum Pensiounsalter aus dem Infirmiersberuff erausklammen. Fir d'Karriärsméiglechkeeten ze verbesseren, fuerdert d'Anne-Marie Hanff, datt an Zukunft och zu Lëtzebuerg e Bachelor-Diplom fir Infirmieren ugebuede gëtt.

Am Moment wier et fir Jonker nach een immens laange Wee. "A wann een dat eréischt vun enger ofgeschlossener Première u kéint maachen, da wieren d'Schüler scho méi räif a si kéinte sech méi bewosst fir de Beruff entscheeden", sou d'Anne-Marie Hanff. Si kéint sech Leit am Beruff virstellen, déi e Master hunn, "fir d'Potential vun eisem Beruff auszeschöpfen".

Keng prezis Statistiken

Och zu Lëtzebuerg ginn et Suergen, datt eng Penurie vun Infirmièren an Infirmieren entstoe kéint - dat virun allem, well et net genuch Nowuess gëtt. Et wier hei am Land awer nach net esou, datt a Spideeler wéinst net genuch Personal Stäck mussen zougemaach ginn, sou Anne-Marie Hanff. Et géif awer och hei am Land scho Situatioune ginn, wou Enkpäss entstinn. Si kéint awer net soen, wéi dacks dat virkënnt, well et keng prezis Statistike géif ginn.

D'ANIL-Presidentin ënnersträicht awer, d'Problemer géife weider wuessen, och well vill Leit scho virum Pensiounsalter aus dem Infirmiersberuff erausklammen. Engersäits misst ee Schichte schaffen, anerersäits géif et awer och Patrone ginn, déi Mi-temps net géifen erlaben. "A wann ee méi al gëtt, da verdréit een dat einfach manner gutt. Et ass eng kierperlech schwéier Aarbecht, an och eng emotional schwéier Aarbecht."

"Wann een de Leit um Terrain nolauschtert, da soen si si hätten ze vill Aarbecht a géifen de ganzen Zäite lafen. An engem rezente Rapport fir de Gesondheetsministère heescht et dogéint, mir hätte nach keng Penurie, well et misste nach keng Stäck zougemaach ginn. Mee dat ass en haarde Krittär, fannen ech."

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Alain Schmit
AMMD

Den Dr. Alain Schmit, President vun der AMMD, fäert, datt et an Zukunft un Doktere feele kéint. Et wier een ëmmer méi op auslännesch Dokteren ugewisen, et wéilt een awer just déi Bescht op Lëtzebuerg huelen.

Dokter
Medezin

E Manktem un Dokteren ass net auszeschléissen, mat enger Rei Decisioune soll en awer verhënnert ginn. Ënner anerem soll déi universitär Medezinsformatioun op der Uni Lëtzebuerg ausgebaut ginn.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen