Budgetsrapporter "Mäin Nofollger ka méi iwwer Klima a Steieren erzielen"

De Klimapak an déi geplangte Steierreform hunn nach keen Impakt op de Staatsbudget fir dat nächst Joer, seet de Budgetsrapporter Yves Cruchten.

Rick Mertens (Interview) / Claude Biver (Web)

Yves CRUCHTEN
Den Yves Cruchten ass Deputéierte fir d'LSAP

Déi dräi Regierungsparteie wéilten an den nächste Wochen a Méint eng gemeinsam Klima- a Steierpolitik festleeën, esou den LSAP-Deputéierten.

"Et gëtt eng breet Akzeptanz an der Gesellschaft fir de Klimaschutz, mee mir mussen alleguerte wëssen, datt et eis och eppes kascht. Anerwäerts kënne politesch Mesuren am Klimaschutz awer och zu neie Recettë féieren. An déi sinn am Moment absolutt net anzeschätzen."

Déi eenzel Mesurë géifen engem op den éischte Bléck logesch erschéngen, mee et misst ee se nach chiffréieren. "Et muss ee wëssen: Wat bréngen se? Wou spuere mer an? Mee awer och, wat kaschte se?" Den Yves Cruchten betount awer, de finanzielle Spillraum fir d'Steierreform kéint een elo schonn ofschätzen:

"De Sputt, deen een haut gesäit, deen ass ze chiffréieren. Wa mer déi Virgaben, déi d'EU eis gëtt, kucken, da musse mer jo en Objektif à moyen terme vun +0,5 Prozent vum PIB anhalen - an da läit dee Sputt tëschent 400 a 600 Milliounen Euro."

Präis um Sprit

Ginn d'Steieren um Bensin an um Diesel d'nächst Joer nach eng Kéier an d'Luucht? Op déi Fro wëllt d'Regierung bis Enn des Jores äntweren. Mat enger däitlecher Erhéijung wier op alle Fall net ze rechnen, seet den Yves Cruchten. Hien huet ënnerstrach, datt hien dogéint wier fir d'Accisen "blannemännerches" ze erhéijen:

"Fir mech ass et evident wichteg, datt mer déi Klimaschutz-Debatt elo och sollen notze fir Ëmverdeelung ze maachen. Datt et och muss drëms goen, déi sozial Schwaach mat an d'Boot ze huelen, wa mer Klimaschutz maachen. An datt mer deene kennen en Ausgläich ginn, a vläicht net nëmmen en Ausgläich ginn, mee vläicht esouguer méi Gerechtegkeet schafen, well mer mierken, datt eis Gesellschaft ëmmer méi Ongläichheeten huet."

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen