Educatioun "Lycéeë behalen en Deel vun hirer Autonomie"

D'Maskeflicht bei méi wéi véier Leit an engem Raum, esou wéi se am neie Covid-Gesetz verankert gëtt, wäert net fir d'Schoule gëllen, esou den Educatiounsminister Claude Meisch. Ob am Klassesall eng Mask muss ugedoe ginn oder net, bleift deemno eng autonom Decisioun vun de Lycéeën.

Maurice Molitor (Interview) / Chris Zeien (Web)

Claude Meisch

D'Maskeflicht bei méi wéi véier Leit an engem Raum, esou wéi se am neie Covid-Gesetz verankert gëtt, wäert net fir d'Schoule gëllen, esou den Educatiounsminister Claude Meisch. Ob am Klassesall eng Mask muss ugedoe ginn oder net, bleift deemno eng autonom Decisioun vun de Lycéeën. D'Direktioune kënnen och vu sech aus decidéieren, Deeler vu Klassen à distance ze ënnerriichten. D'Cellule tëschent der Santé an der Educatioun hätt och d'Kompetenz fir déi Decisiounen ze huelen, déi se fir néideg hält.

Educatiounsministère hëlleft beim Tracing

Zwielef Mataarbechter aus dem Educatiouns-Ministère wieren am Moment an d'Santé detachéiert, fir do beim Contact-Tracing ze hëllefen. Si géife sech, esou de Schoulminister Claude Meisch speziell ëm d'Infektiounen am Schoulmilieu bekëmmeren. De Stufemodell, dee bei der Rentrée ageféiert gouf, wier e gutt Instrument fir - en fonctioun vun deem wat si erausfannen - ze reagéieren, esou Claude Meisch.

"Do gëtt scho gekuckt: Si mer zimmlech sécher, ob et ausserhalb vun der Schoul war? Hu mer en Zweiwel? Da kënnt een an den zweete Zenario. Oder wësse mer wierklech, datt et eng Infektiounskette gëtt vun 3, 4, 5 zesummenhänkende Fäll an enger Schoul, da gi mer an den Zenario 3."

Den Zenario 3 wier bis elo awer net dacks opgetratt, dat heescht "datt de Kontakt tëschent Erwuessenen offensichtlech zu méi Infektiounen an der Schoul féiert, wéi de Kontakt tëschent de Schüler", esou den Educatiounsminister.

Lycéeë behalen en Deel Autonomie

Déi eenzel Lycéeë behale weider eng gewëssen Autonomie fir ze decidéieren, wéi eng sanitär Reegelen an hire Klasse solle gëllen. Dat neit Covid-Gesetz géif näischt dorun änneren. Datt een zum Beispill awer zu 15 oder zu 20 an engem Sall ka setzen a wärend dem Unterrecht d'Mask net muss unhunn. Dat bleift esou, do gëllt déi Véierer-Reegel net.

Den Educatiounsministère hätt awer Recommandatioune fir de Schoulsport ausgeschafft. "Mir wäerten och an de Kantinnen Adaptatioune maachen: wann am Restaurant elo gëllt, datt een nach just zu véier däerf um Dësch sëtzen, dann ass dat och an der Schoulkantin", esou de Claude Meisch.

De Claude Meisch seet, säi Ministère géif sech awer d'Recht virbehale fir zesumme mat der Santé méi streng Mesuren a Schoulen ze imposéieren, wou vill Infektioune festgestallt ginn.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Covid-Gesetzer
Ännerungen um Covid-Gesetz

An der Chamber herrscht kee Konsens, wéi d'Corona-Infektiounszuelen am Beschten nees kënne reduzéiert ginn. De Mars Di Bartolomeo hofft, datt d'Chamber déi nei Corona-Mesurë séier ka stëmmen - trotz ville Kritikpunkte vun der Oppositioun.

Paulette Lenert, ministre de la Protection des consommateurs, ministre de la Santé
Méi streng Mesurë géint de Virus

Rassemblementer mat méi wéi 100 Leit wieren op Grond vun der aktueller Situatioun net méi erlaabt, esou d'Paulette Lenert. Och an engem eenzele Restaurant dierfen nëmmen nach maximal 100 Gäscht matenee sinn.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen