Luxleaks Appellprozess Kee Fräisproch fir déi zwee Whistleblower

An zweeter Instanz bleift et bei der Condamnatioun vun deenen zwee fréiere PWC-Mataarbechter Deltour an Halet. Dem Journalist Edouard Perrin säi Fräisproch ass op dësem Mëttwoch vum Geriicht confirméiert ginn. Ob si géint d'Uerteel a Kassatioun ginn, wollten déi zwee veruerteelt Whistleblower nach net soen.

Michel Delage

9861A4EF-3432-40F7-B677-F4C0F1F4C1F7.jpg
Antoine Deltour a säin Affekot Me William Bourdon

D'Geriicht huet den Antoine Deltour op dësem Mëttwoch zu sechs Méint Prisong mat Sursis a 1.500 Euro Geldstrof, de Raphaël Halet zu enger Geldstrof vun 1.000 Euro veruerteelt. Dem Journalist Edouard Perrin säi Fräisproch aus éischter Instanz ass confirméiert ginn.

D'Strofmooss fir déi zwee fréier PWC-Mataarbechter entsprécht deem, wat de Parquet gefuerdert huet, läit awer ënnert dem Uerteel aus éischter Instanz.

"Inkohärent Uerteel"

Den Antoine Deltour a seng Verdeedeger hu vun engem "inkohärenten Uerteel" geschwat. Engersäits wier hie wéinst dem eventuelle Verstouss géint d’Beruffsgeheimnis fräigesprach ginn, wat och ee wichtege Schrëtt wier, fir de Schutz vu Whistleblower an Europa. Anerersäits wier et eng Veruerteelung wéinst dem Klau vun Dokumenter.

Deltour an Halet wollten nach net soen, ob si dat Uerteel wëllen a Kassatioun ufechten. Fir hir Decisioun hu si elo ee Mount Zäit.

Den Antoine Deltour gëtt nom Prononcé vu senge Supporter ugefeiert

Méi zum Thema

Luxleaks manif.JPG
Luxleaks Appellprozess

An der Affär Luxleaks kéinte béid fréier PWC-Mataarbechter an Appell besser ewech kommen. Allerdéngs wëllen si als Whistleblower fräigesprach ginn.

Justin Turpel Pol Urbany.JPG Riicht Eraus
LuxLeaks-Prozess

Déi Ugeklote wiere keng Whistleblower, sou de Maître Pol Urbany. Deltour an Halet hätten eng Praxis opgedeckt, déi géint d’Verfassung an EU-Recht verstouss hätt, sot de Justin Turpel.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen