Flüchtlingen Luxexpo: Just nach Migranten, déi Lëtzebuerg verloossen

An de Foires-Halen um Kierchbierg sollen an Zukunft just Migranten ënnerbruecht ginn, déi d'Land nees musse verloossen. Dat huet d'Regierung, Informatioune vum radio 100,7 no, um Freideg eestëmmeg decidéiert.

Maxi Pesch / ys

Exklusiv Luxexpo
Zelter an der Hal 6 vun der Luxexpo am Oktober 2015

An der Luxexpo sollen an Zukunft nëmmen nach déi Leit ënnerbruecht ginn, deenen den Asyl refuséiert ginn ass. Oder déi den "Dublin 3"-Accorden no zréck an dat europäescht Land musse goen, an deem si hir éischt Asyldemande an der EU gestallt hunn. Deemno soll d'Flüchtlingshal an der Luxepo an Zukunft net méi dem Integratiounsministère, mee dem Immigratiousministère ënnerstoen. Dat huet eng gutt informéiert Source dem radio 100,7 gesot. D'Hal an där den Ament ronn 300 Flüchtlingen ënnerbruecht sinn, soll deemno och net méi vum Roude Kräiz geréiert ginn.

D'Leit an der Luxexpo, déi eng Demande fir eng Protection international maachen, déi also ënnert de Responsabilitéit vum OLAI an dem Integratiounsministère ënnerstinn, sollen dann an enger éischter Phas an d'Logopedie op der Areler Strooss transferéiert ginn. An enger zweeter Phas solle si an dat neit Flüchtlingsheem op Miersch kommen.

Am September 2015 gouf ugekënnegt, datt Flüchtlingen an der Hal 6 vun der Luxexpo sollen ënnerbruecht ginn. Déi éischt Flüchtlinge koumen am Oktober 2015 an d'Foireshal. An de 50 Zelter, déi an der Hal stinn, ass Plaz fir 360 Persounen. De Locatiounsvertrag, deen d'Luxexpo mam Finanzministère huet, leeft nach bis Enn 2017.

Méi zum Thema

Yves Piron
Flüchtlingen

All Mount komme bis zu 200 Flüchtlingen zu Lëtzebuerg un. Aktuell sinn 3.300 Persounen a Flüchtlingsstrukturen ënnerbruecht. "Mir stoussen un d'Grenze vun eise Capacitéiten", sou den Yves Piron vum OLAI.

Flüchtlinge kommen op der griichescher Küst un
Bilan Flüchtlingskris

Knapp 2.000 Mënschen hunn dëst Joer hei am Land eng Asyldemande gestallt, liicht manner wéi nach zejoert. Europawäit war et och ee Réckgang. An awer sinn sech d'EU-Memberstaaten net eens ginn.

Farez Rami
Flüchtlingen

Déi laang Waardezäite fir Demandeurs de protection internationale féieren zu Problemer. Och zu Lëtzebuerg de Fall. Wéi erliewen Asyldemandeuren hir éischt Zäit am Land a wou gëtt et Schwieregkeeten?

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen