arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luxeosys: Viraussiichtlech Méikäschte vun 139 Milliounen Euro

Äerdobservatiounssatellit

|
reading time

1 min

Luxeosys: Viraussiichtlech Méikäschte vun 139 Milliounen Euro

Den Äerdobservatiounssatellit Luxeosys soll maximal Méikäschte vun 139 Milliounen Euro mat sech bréngen. Déi Méikäschte sinn zum allergréissten Deel Elementer geschëlt, déi bei der Planung fir de Projet ënner dem Verdeedegungsminister Etienne Schneider an der leschter Legislaturperiod net berécksiichtegt gi waren.

reading time

1 min

Just néng Milliounen Euro wieren op Ännerungen um Projet zeréckzeféieren, déi ënner dem aktuelle Verdeedegungsminister François Bausch virgeholl goufen. 2018 war de Projet Luxeosys mat engem Budget vun 170 Milliounen Euro an der Chamber gestëmmt ginn. Déi 139 Milliounen Euro géifen zousätzlech do dobäi kommen.

Dat geet aus der Presentatioun ervir, déi de Verdeedegungsminister François Bausch de Mëtten an enger gemeinsamer Reunioun vun der Budgetskontrollkommissioun an der Defensekommissioun gewisen huet. Wann een de Projet elo net géif fäerdeg maachen, géif dat de Staat awer ronn 145 Millioune kaschten, déi missten un d'Entreprisë bezuelt ginn, déi bis elo um Projet geschafft hunn.