Äerdobservatiounssatellit Luxeosys: Oppositioun net averstane mat Erklärunge vun Défense

Déi fréier zoustänneg Beamte hunn an der Chamber gesot, et wier kloer gewiescht, datt déi gesetzlech autoriséiert 170 Milliounen Euro net fir all d'Käschte ronderëm den Äerdobservatiounssatellit géifen duergoen. D'LSAP (d'Partei vum deemolege Verdeedegungsminister Etienne Schneider) iwwerhëlt déi Duerstellung. D'Oppositioun ass net averstanen. D'Gesetz vum 14. August 2018 gëtt effektiv d'Autorisatioun fir "acquérir, lancer et exploiter un satellite et son segment sol destinés à l'observation de la Terre". De Verdeedegungsministère huet deemools ni gesot, datt de Präis net géif all d'Käschten decken.

Michèle Sinner / cz

Satellit
Foto: Bigstock

Datt de Projet also bewosst just d'Investitiounskäschten ofgedeckt hätt, an net déi laangfristeg Betribskäschten, huet den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo no der Reunioun weiderginn. Deemno hätten d'Beamte gesot, datt si d'Bedreiwungskäschten net mat an den normale Budget gesat hätten, well déi an der Reegel zum Deel iwwer déi normal Budgete gelaf wieren. Dat wier zum Beispill bei den Dingoen a beim A400 esou gewiescht. "A si hätten näischt Aneschtes gemaach, wéi déi Doktrin, déi si virdrun haten", esou de Mars Di Bartolomeo.

De Parteifrënd vum fréiere Verteidegungsminister Etienne Schneider huet versicht, de Ball bei d'Deputéiert ze spillen, déi sech selwer misste mat der Nues huelen. De Staatsrot hätt deemools gesot, e géif eng kloer Oplëschtung vun de Käschten iwwer déi ganz Lafdauer vermëssen. "Ma dat ass a sech an der Chamber awer kaum thematiséiert ginn."

Tatsächlech haten d'Auteure vum Projet d'Confidentalitéit vun de Verhandlunge mam Konstrukteur invokéiert, fir der Chamber keng Fiche financière ze ginn.

Gast Gybérien: "D'Chamber ass belu ginn."

D'Deputéiert vun der Oppositioun hunn déi Erklärunge vun de Beamten awer net gëlle gelooss. Den David Wagner vun déi Lénk huet gemengt, wann ee fei wier, kéint ee soen, si géifen dovun ausgoen, datt all Deputéiert déi Prozedur fir Militär-Marchéë géife kennen.

"Dat heescht, et ass kloer, datt beim Vott 2018, gouf net gesot, datt nach weider Käschte kéimen, obwuel se de toute évidence woussten, datt nach weider Käschte kéimen. An da komme si elo a soen: Dir hätt et jo quasi misste wëssen. Ma nee, also et war net verbueden ze soen, datt weider Käschte kéimen."

Well am Exposé des motifs vum Projet an och am Rapport vum Gesetz drastoung, datt d'Fonctionnementskäschte gedeckt wieren, seet de Gast Gibéryen vun der ADR:

"Et ass fir mech ganz kloer no der Sitzung vun de Mëtteg, datt d'Chamber belu ginn ass. Mir hunn zu deem Zäitpunkt falsch Informatioune kritt, mir hunn net d'Wouerecht gesot kritt."

Dat well d'Beamten de Méindeg de Mëtteg och gefrot goufen, ob den Etienne Schneider wousst, datt et mat 170 Milliounen Euro net gedoen wier. "An och de Minister wosst et", esou de Gast Gybérien.

Och de François Bausch ass dovun ausgaangen, datt de Budget all d'Käschte géif ofdecken

D'Deputéiert waren och net déi eenzeg, déi der Meenung waren, de Budget vun 170 Milliounen Euro géif alles ofdecken. Wann een den aktuelle Verteidegungsminister François Bausch freet, wéi hien de Projet verstanen hat, wéi säi Virgänger Etienne Schneider e senge Kolleegen an der Regierung 2018 presentéiert hat, also mat oder ouni Betribskäschten, äntwert hien.

"Also ech muss iech soen, wann der och gesitt, wéi den Exposé des motifs motivéiert war, stoung kloer dran, datt et dra wier. Elo ass et natierlech esou, am Regierungsrot presentéiert all Minister säi Projet an da musse mir jo och dovun ausgoen, datt en d'Strooss hält par rapport zu deem, wéi mir e presentéiert kréien."

Widderspréchlech Aussoe vum Patrick Heck

De fréieren Direkter vun der Défense Patrick Heck hätt den Deputéierte gesot, et hätt kee politeschen Drock ginn, fir de Projet nach séier virun de Walen duerch d'Chamber ze bréngen.

Mee, esou d'Diane Adehm vun der CSV:

"Da kënnt de Beamten hannendrun, deen awer um Dossier geschafft huet. Da seet deen, hien hätt vu sengem fréieren Direkter dem Här Heck gesot kritt, aus politesche Grënn misst dat do nach onbedéngt virun de Walen 2018 duerchgoen. Da konfrontéiere mir den Här Heck mat senger eegener Ausso, wou hie seet: Ah nee, dat war net esou. Da seet den Här Heck: Jo nee, mee de Minister huet awer seng Leit zesummegeruff a gekuckt am Allgemengen am Kader vun der Defense, wat dann nach opportun wier, virun de Walen ze maachen a wat net. Dat heescht, et ass just drëms gaangen, fir dat doten nach virun de Walen duerch d'Chamber ze kréien. Net méi an net manner."

Der Presidentin vun der Budgetskontrollkommissioun no huet de Patrick Heck de Méindeg d'Conclusiounen am Rapport vu PWC a Fro gestallt a gesot, hie wier net vu PWC kontaktéiert ginn. PWC hat an deem Rapport fir de François Bausch schwéier Dysfonctionnementer an der Gestioun vum Projet festgestallt.

D'Budgetskontrollkommissioun huet Abléck a verschidden Dokumenter gefrot

D'Budgetskontrollkommissioun huet d'Defense gefrot, fir Abléck an eng ganz Rei Dokumenter ze kréien a wëllt mam Etienne Schneider en Datum fannen, fir datt hie kann Explikatioune ginn. Hien hätt der Chamber geschriwwen, hie géif kommen. Hien huet sech bis elo net vill zum Dossier Luxeosys geäussert, deen elo riskéiert, duebel esou deier ze gi wéi geplangt. Dem Lëtzebuerger Land hat hien awer an der Editioun vum 22. Mee gesot, den Informatioune vu senge Mataarbechter no wier de Projet komplett gewiescht. Et hätt een hie gleewen gedoen, datt alles kloer a virgesi gewiescht wier. Eréischt am Hierscht - also nom Vott vum Gesetz - hätt sech erausgestallt, esou den Etienne Schneider am Land, datt net alles esou kéint gemaach ginn, wéi virgesinn.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Michèle Sinner
Lauschteren

Méi zum Thema

Symbolbild Satellit Luxeosys
Luxeosys

D'Budgetskontrollkommissioun wëllt opklären, firwat de Projet vum Äerdobservatiounssatellit Luxeosys duebel esou deier gëtt wéi geplangt. Dofir invitéiert se fir hir Sitzung no der Päischtvakanz déi responsabel Beamte vun deemools.

Ee Satelitt
Luxeosys

De Satellitteprojet Luxeosys sollt 170 Milliounen Euro kaschten. De Projet gëtt awer op d'mannst duebel esou deier. Ob de Projet weidergeféiert gëtt, ass fir de François Bausch eng oppe Fro.

Satellit Exklusiv
Äerdobservatiounssatellit Luxeosys

Beim Projet vum Äerdobservatiounssatellit goufen et Dysfonctionnementer an der Konzeptioun, der Gestioun an dem Finanzement. Dat geet aus engem PWC-Rapport ervir, deen dem radio 100,7 virläit.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen