Aviatioun Luxair soll Verbindung Saarbrécken-Berlin iwwerhuelen

Den Adrien Ney ass optimistesch, datt d'Luxair d'Verbindung no der Insolvenz vun Air Berlin wäert iwwerhuelen. De Generaldirekter vu Luxair-Group hofft, datt d'Verhandlunge bis ugangs nächster Woch ofgeschloss wäerte sinn.

Jean-Claude Franck / fk

Adrien Ney
Adrien Ney, Generaldirekter vu Luxair-Group

No der Insolvenz vun der däitscher Air Berlin ass déi Lëtzebuerger Fluggesellschaft Luxair de Favorit, fir d'Verbindung tëscht Saarbrécken a Berlin z'iwwerhuelen. Dat sot déi saarlännesch Ministerpresidentin Annegret Kramp-Karrenbauer. Si hätt de Wirtschaftsministère gefrot, fir d'Vertrags-Verhandlunge mat Luxair positiv ofzeschléissen.

Tëscht 150.000 an 200.000 Passagéier

De Generaldirekter vu Luxair-Group, Adrien Ney, confirméiert dat a seet, hie wier ganz optimistesch. "'T ass fir eis e flotte Marché. Mir sinn an der Groussregioun doheem." D'Verbindung Saarbrécken-Berlin hätt e grousst Potential - tëscht 150.000 an 200.000 Passagéier, sou den Adrien Ney.

"Mir sinn a Verhandlungen a mir si ganz positiv. Ech hoffen, datt mir Enn dëser Woch oder Ufank nächster Woch zu engem Ofschloss wäerte kommen."

Air Berlin hält den 28. Oktober op där Streck op. Wann d'Luxair déi Verbindung géif iwwerhuelen, kéint si awer eréischt vum éischte Januar un tëscht Saarbrécken a Berlin fléien, sou den Adrien Ney. Virdru wier et aus technesche Grënn net méiglech.

"En Deel vum Marché zréckkréien"

D'Verbindung wier eng grouss Opportunitéit fir zousätzlech Maart-Undeeler ze kréien, seet den Adrien Ney. "Mir si jo zu Saarbrécken aktiv mat Hamburg. 75 Prozent vun de Passagéier vun där Stréck komme vu Saarbrécken."

D'Luxair huet ëmmer op der Verbindung vu Lëtzebuerg op Berlin ee Stopp zu Saarbrécken gemaach. Domat hätt een awer opgehalen, well d'Lëtzebuerger Passagéier net zefridde gewiescht wieren. Déi zukünfteg Verbindung tëscht Saarbrécken a Berlin wier also "een Deel vun engem Marché, dee mir géifen zréckkréien."

Adrien Ney

Méi zum Thema

Adrien Ney
Aviatioun

D'Luxair bitt op beléifte Fluchlinne méi Flich un, fir de Verloscht u RyanAir an Easyjet ze kompenséieren. Trotzdeem ass d'Geschäft net rentabel. D'Mammegesellschaft mécht 2016 e klenge Gewënn.

Ryanair
Aviatioun

Ryanair erhofft sech 2017 450.000 Passagéier zu Lëtzebuerg. De Fluchhafe mécht aktuell Adaptatioune fir Low-Cost-Fluchlinnen. Wat bedeit de Succès vun der irescher Gesellschaft fir d'Luxair an de Findel?

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen