Aviatioun Luxair: Fligeren zur Hallschecht beluecht
D'Luxair konnt eegenen Aussoen no am Juli d'Hallschent vun hire Flich aus dem übleche Fluchplang operéieren. 50 Prozent vun de Sëtz wiere beluecht gewiescht.
Am Juli a Juni wiere ronn d'Hallschent vun de Sëtzplaze beluecht gewiescht, esou déi national Airline op Nofro hin. Zejoert hätt de Seat Load Factor am Juli bei 75 Prozent geleeën.
Bal d'Hallschent vun de Flich aus dem übleche Fluchplang wieren am Juli operéiert ginn. Dat wier manner wéi virgesinn a gëtt vun der Luxair op dat komplizéiert Ëmfeld zeréckgeféiert.