Radioen

On air

Tockcity  |  Turnstile - NEVER ENOUGH

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ALK huet bedenke bei der Lunex Héichschoul

Educatioun

ALK huet bedenke bei der Lunex Héichschoul

D'Associatioun vun de Kinéen huet Bedenke bei der Kinésausbildung vun der Héichschoul Lunex. D'Lescht Woch huet den Héichschoulministère een Arrêté publizéiert, no deem d'Kinésschoul eng ganz Rei Konditioune muss erfëllen.

auto_stories

2 min

D'Lunex Héichschoul zu Déifferdeng hat dëst Joer eng Demande beim Héichschoulministère gemaach fir eng Master-Accreditatioun ënner anerem an der Physiotherapie ze kréien. Fir zu Lëtzebuerg Kiné ze sinn ass ee fënnef Joer laangt Masterstudium néideg. No enger Internationaler Evaluatioun huet den Héichschoulministère decidéiert, datt d'Lunex eng ganz Rei Konditioune muss erfëllen, fir dës Accreditatioun ze kréien. An engem Communiqué weist d'ALK sech verwonnert iwwer dës Oplagen, seet de President Patrick Obertin.

Deelweis gëtt vu Sécherheetsmängel geschwat, et géif och Léierpersonal feelen. E weidere Problem wieren och d'Stageplazen. "Ee Student, deen e Stage mécht, muss dat op enger agreéierter Stageplaz maachen an net an enger privater Praxis. Och d'Recrutementsmethod vun de Schüler gëtt a Fro gestalt", sou de Patrick Obertin.

34 nepalesesch Studente rekrutéiert

Aus dem internationalen Evaluatiounsrapport HCÉRES, op dee sech de Ministère baséiert, geet weider ervir, datt et eng Diskrepanz tëschent de pädagogeschen Objektiver an der kommerzieller Orientatioun vun der Schoul gëtt. Zum Beispill wieren d'lescht Joer 34 nepalesesch Studenten op eng ontransparent Manéier vun enger Agence rekrutéiert ginn. Déi meescht wieren elo net méi do, erkläert de Patrick Obertin. "Déi krute verschidde Saache versprach, déi ni agehale goufen. Verschiddener hu sech hir Accreditatioun zeréckgefrot, an déi aner, déi sinn iergendwou verschwonnen."

Vum Ausseministère krute mir op Nofro hi gesot datt 12 vun deene Studenten een Titre de séjour bis Oktober 2019 kritt hätten. 14 hätten een temporären Titre de sejour kritt. Siwe vun de 34 nepalesesche Studente wieren net méi bei der Lunex ageschriwwen. Si hätten awer exzeptionell ee Visa bis September accordéiert kritt, an ee Student hätt ee Visa de sortie accordéiert kritt fir Heem ze goen.

Méi Transparenz gefuerdert

De Rapport recommandéiert weider méi Transparenz, wann et ëm d'Hausse vun de Studiekäschte geet. Positiv wier, datt d'Lunex Héichschoul zum däitsche COGNOS Grupp gehéiert, deen e finanzielle Support garantéiert. Ee Joer huet d'Lunex Zäit fir d'Konditiounen ëmzesetzen. Schüler, déi esou e Masterstudium elo schonn ugefaangen hunn, kënnen dem Gesetz no hire Studiegank egal wéi fäerdeg maachen. D'Lunex war fir den Ament net fir eng Stellungnam ze erreechen.