BGL League Luc Holtz: Hesper ass Favorit

Fir den Nationaltrainer Luc Holtz ass den Opsteiger Hesper de Favorit fir den Titel am Fussball-Championnat. De gréissten Challenge wier et aus de villen neien, staarken Individualitéiten eng Ekipp ze maachen.

Maurice Molitor (Interview) / Claude Biver (Web)

Luc Holtz
De Luc Holtz ass Nationaltrainer fir d'Fussballekipp vu Lëtzebuerg

Datt dëst Joer amplaz 14 elo 16 Ekippen an der BGL Ligue untrieden, well et wéinst Corona keen Ofsteiger awer zwee Opsteiger gouf, begeeschtert de Luc Holtz net. D'Grënn dofir kéint hien awer novollzéien. Lëtzebuerg wier e klengt Land an och net déi allergréisste Fussballnatioun.

Dës Decisioun géif den Niveau an der BGL Ligue "mat Sécherheet" net hiewen, esou den Nationaltrainer. De Luc Holtz denkt, datt déi Decisioun éischter geholl gouf, fir de politeschen Entscheedunge géint d'Corona-Kris Rechnung ze droen.

Datt direkt den éischte Spilldag schonn zwou Partië wéinst Corona-Infektiounen ausgefall sinn, léisst de Luc Holtz iwwregens drun zweiwelen, ob d'Championnat dëst Joer iwwerhaapt op en Enn gespillt ka ginn.

UEFA Nations League: dräi Punkte viséieren

"Eng Virwëlztut" nennt de Fussball-Nationaltrainer Luc Holtz d'UEFA Nations League, an där Lëtzebuerg vu September bis November géint den Aserbaidschan, de Montenegro an Zypern untriede muss. Hie misst elo emol gesinn, wou hie mat senge Spiller dru wier, déi hien zanter zéng Méint net méi zesummenhat.

Bei de Géigner wier grad esou villes am Onkloren. Deementspriechend schwéier wier et e Pronostic ze maachen, esou de Luc Holtz. Hie geet awer dovunner aus, datt d'Ekipp "ganz, ganz no beienee" sinn. "Dat ass eng Saach vun der Situatioun, vun der Dagesform, vu gewësse Begebenheeten."

D'Lëtzebuerger Nationalekipp géif awer dräi Punkte géint déi Länner viséieren. Den Nationaltrainer hält Montenegro fir déi Ekipp, déi eenzel an "en Tick" méi staark ass, wéi déi aner Natiounen.

"Wa mer et fäerdeg brénge keng blesséiert Spiller ze hunn, keng gespaarte Spiller, dann denken ech schonn, datt mer géint all Natioun mat breeder Broscht wäerten untrieden, an och d'Victoire viséieren."

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Fola
Reprise Enn Juli

Enn Juli sollen d'Restriktiounen am Sport deelweis nees opgehuewe ginn. D'Escher Fola muss awer ouni Kierperkontakt trainéieren. Dat wier en Nodeel am Hibléck op déi nächst international Matcher, sou déi Responsabel.

Romain Schumacher
Fussball

Nach ni huet e Lëtzebuerger Veräin op deem Niveau gespillt, an dat och nach zwee Joer noeneen. Trotzdeem kritiséiert den President vum F91 d'Fussballfederatioun. "Mir si Joren hannendran".

Net verpassen

Programm

  • Iwwergang op déi nächst Emissioun

  • On air

    Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Panorama

  • Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen