GROUP HRS LSAP: HRS-President verspillt d'Vertraue vun de Leit
Den LSAP-President Yves Cruchten reagéiert schockéiert op d'Pressekonferenz vun de Verwaltungsréit vun den Hôpitaux Robert Schuman. Hien hätt den Androck, déi Leit géifen op engem anere Planéit liewen.
Him wier de Mond opstoe bliwwen, wéi hien d'Explikatioune vum HRS-President Jean-Louis Schiltz gëscht um Donneschdeg héieren hätt, esou den LSAP-President Yves Cruchten.
D'Decisioun vun de Spëtzeleit aus dem Hôpitaux Schuman, fir sech impfen ze loossen, obscho se nach net un der Rei waren, war an deene leschten Deeg ganz kontestéiert.
Bis Mëtt der Woch wier den Yves Cruchten nach dovun ausgaangen, datt et sech ëm e Mëssel géif handelen. Mee spéitstens mat der Ausso vum Vizepresident Michel Wurth, deen d'Affär "ridicule" genannt hätt, wier him de Kolli geplatzt.
Mat hirer Pressekonferenz hätten déi Responsabel vum Spidolsgrupp nach een dropgesat:
"An där ganzer Impfcampagne geet et ëm eng ganz wichteg Saach: ëm Vertrauen. Vertrauen, datt dat, wat mer vun Impfstoffer geliwwert kréien, datt dat wierkt. Vertrauen an d'Politik, datt déi déi richteg Decisiounen hëlt; Vertrauen doranner, datt jiddwereen da geimpft gëtt, wann et u senger Rei ass."
Elo wier een Deel vun dësem Vertraue verspillt ginn. Hien hätt och den Androck, datt déi Leit op engem anere Planéit géife liewen, esou den LSAP-Parteipresident weider. Mee et wier net un him fir eng Demissioun ze verlaangen:
"Wann ech si gëschter richteg verstanen hunn, dann dierfe si iwwerhaapt net demissionéieren, well ouni si funktionéiert dat ganzt Spidol jo net. Ech war zwar ëmmer der Meenung, datt d'Spidol géif funktionéieren haaptsächlech mam Personal, mat den Dokteren, den Infirmièren, den Aide-soignanten an deem ganze Personal ronderëm. Mee sou wéi ech si gëschter verstanen hu géif dee ganze Buttek jo iwwerhaapt net méi funktionéieren, wa si dräi net méi do wieren."