De Logistik-Secteur hätt den Ament vill Froen, mee wéineg Äntwerten, wéi d'Klimaziler sollen erreecht ginn, déi am nationale Klima- an Energie-Plang festgehale sinn:
"Et ass net kloer wéi mir déi Ziler zu Lëtzebuerg kënnen ëmsetzen. Technesch, a vrun allem poch an de Prozesser. Wéi huet eng Kéier ee vu menge Membere gesot: 'Malik, mir sinn esou mam Kapp am Guidon, datt mer guer keng Zäit hu fir riets a lénks no neien Technologien ze kucken.'"
Alternativen zum Diesel-Camion - wéi Stroum- oder Waasserstoff-gedriwwe Gefierer - wieren haut nach ze deier, a kéinten ouni Subventiounen net rentabel genotzt ginn.
Aner Länner si Lëtzebuerg viraus
De Malik Zeniti versteet net, firwat sougenannt Eco-Combien oder Giga-Liner zu Lëtzebuerg "en Tabu" sinn an net emol testweis kënnen agesat ginn. Et handelt sech dobäi ëm Gefierer, déi ongeféier en Drëttel méi laang si wéi normal Camionen a just op präzis definéierten Trassen dierfe fueren.
Anerwäerts wiere ganz positiv Erfarungen domat gemaach ginn, dofir wier een an Holland zum Beispill elo souguer scho bei engem nächste Schrëtt: d'Teste vum sougenannte "Duo-Combi" oder "Super-Eco-Combi". Ee Camion vun 32 Meter - der Längt vun zwee Camionen hannerteneen, wou ee just ee Chauffeur brauch. Et géif den Hollänner doduerch geléngen, 27 Prozent CO2 anzespueren, sou nach de Malik Zeniti.