arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Liwwerkettegesetz: "Europäesch Diskussioune sinn e Bummelzuch"

Produktioun

|
reading time

1 min

Liwwerkettegesetz: "Europäesch Diskussioune sinn e Bummelzuch"

D'Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprisë warnt virun engem reng nationale Liwwerkettegesetz hei zu Lëtzebuerg. Wann een d'Entreprisë wéilt obligéieren ze kontrolléieren, datt d'Mënscherechter iwwer hir ganz Produktiounsketten agehale ginn, da missten déi selwecht Reegele fir all d'europäesch Entreprisë gëllen, esou de UEL-Direkter Jean-Paul Olinger. De Jean-Louis Zeien vu Fairtrade Lëtzebuerg gesäit dat anescht.

reading time

1 min

Och Fairtrade Lëtzebuerg wier laangfristeg fir eng europäesch Léisung "mee mir kennen awer och alleguer d'Geschwindegkeet mat der d'EU an esou Saachen ënnerwee ass: Dat ass déi vun engem Bummelzuch", sou de Jean-Louis Zeien.

D'Entreprisë wieren natierlech dofir, datt d'Mënscherechter agehale ginn, mee déi Froestellung hätt eng international Dimensioun. Et géif och net drëms goen, fir oder géint d'Mënscherechter ze sinn, mee et misst ee sécherstellen, datt d'Aktivitéiten, déi an anere Länner sinn, och de Mënscherechter géifen entspriechen. An dofir géif ee en europäesche Kader brauchen, sou de Jean-Paul Olinger.