Wirtschaft an Defense Litauen a Lëtzebuerg verdéiwen hir Relatiounen

De Grand-Duché a Litauen wëllen um wirtschaftleche Plang an a Sécherheetsfroe méi enk zesummeschaffen. Déi offiziell Visite vum Grand-Duc a Litauen, déi dräi Deeg laang gedauert huet, huet gewisen datt et vill Potential gëtt.

Carole Schimmer / ys

Staatsvisite a Litauen
De Grand-Duc Henri an déi litauesch Presidentin Dalia Grybauskaité

Litauen a Lëtzebuerg wëllen hir Handelsrelatiounen an Investitioune verdéiwen. Dat baltescht Land ass haut nach vill ofhängeg vu Russland. No der Annexioun vun der Krim duerch Russland reorientéiert sech Vilnius, a sicht intensiv no neie Partner. Bei der offizieller Visite vum Grand-Duc Henri a Litauen gouf ee Business Forum vun der Chambre de Commerce organiséiert.

"Zënter eiser Onofhängegkeet hu mir Progrèse gemaach. A mir kënne weisen, a wéi enge Beräicher mir gutt sinn", sou déi litauesch Presidentin Dalia Grybauskaité. Virun allem am Beräich vun der Fin-Tech, der Entwécklung vum Internet an der Digitaliséierung vun der Gesellschaft wieren d'Stäerkten.

Konkurrenz a Synergien

Am Beräich vum Fin-Tech wier ee Konkurrenten, seet de Grand-Duc Henri. Awer Kompetitioun wier gutt fir déi zwee Länner. Eng Zesummenaarbecht bréngt Synergien, seet de Carlo Thelen, den Direkter vun der Chambre de Commerce. Wa Litauen eng méi modern Finanzplaz géif developpéieren, kéinte sech Opportunitéite fir Start-Ups bidden. D'Lëtzebuerger Delegatioun huet ee Start-Up-Parc vun 9.000 Meter Carré besicht. Hei ass en Austausch virgesinn.

Och am Beräich vun der Logistik gesäit Lëtzebuerg e Potenzial a Litauen. "Och an deem Volet, wou mir Beetebuerg besser wëlle linke mat China", seet de Carlo Thelen.

Erneierbar Energien

Et gouf een Accord tëscht Lëtzebuerg a Litauen am Beräich vun den erneierbaren Energien ënnerschriwwen. De Grand-Duché huet d'Zil festgeluecht, bis 2020 eelef Prozent vum gesamten Energiekonsum iwwer erneierbar Energien ze decken. Zwee Prozent dovunner kënnen an engem aneren EU-Memberland realiséiert ginn. Litauen huet seng national Ziler iwwerschratt, a kann d'Iwwercapacitéit iwwert "statistesch Energietransferten" u Lëtzebuerg verkafen. "E Land, dat gutt a senger Statistik ass, kann engem anere Land en Deel vu senger Statistik ofginn", seet de Georges Reding zoustänneg fir d'Erneierbar Energien an d'Energieeffizienz am Wirtschaftsministère. Lëtzebuerg géif eng Contributioun maachen, datt Litauen och weider an erneierbar Energië géif investéieren.

Zum Präis vun deem Deal wollt de Wirtschafts- an Energieminister Etienne Schneider näischt Präzises soen. Et hätt een op d'Mannst fir zéng Milliounen Euro fir déi nächst dräi Joer akaaft. "Dat kann awer méi sinn, mee dat hänkt dovun of, wat eis Besoine sinn."

Lëtzebuerger Zaldoten a Litauen

Fir Litauen ass d'NATO méi wichteg ewéi d'Europäesch Unioun. Russland huet zesumme mat Wäissrussland ee gréissere Militärmanöver ënnert dem Numm SAPAD 2017, organiséiert. Laanscht d'Grenze vun de baltesche Länner a vu Polen. D'baltesch Länner hunn Angscht, datt et zu enger Invasioun kéint kommen. Dofir gouf 2016 um NATO-Sommet zu Warschau decidéiert, véier international Bataillounen mat all Kéiers 1.000 Zaldoten an deene véier Länner ze stationéieren.

Lëtzebuerg participéiert un der NATO-Missioun "Présence avancée renforcée". D'Lëtzebuerger Delegatioun huet de Camp zu Pabradé, nërdlech vun der Haaptstad Vilnius besicht. 22 Lëtzebuerger Zaldoten, déi an enger belscher Compagnie integréiert sinn, iwwerhuelen do Transportmissiounen.

De Generol an Arméichef Alain Duschène, ass zefridden iwwert d'Missioun déi dëst Joer ugefaangen huet. Wéi laang se soll daueren ass net gewosst. Am zweete Semester 2018 soll d'Lëtzebuerger Arméi mat engem Reconnaissance-Peloton a Litauen goen. Et wier een zwar och nach iwwer 2018 eraus engagéiert, awer et hätt een net genuch Leit, fir weider sou vill Zaldoten dohinner ze schécken.

D'Championen an der Satellitten-Technologie

An engem Artikel vum Spiegel krut d'NATO virgeworf, um Niveau vum Material net asazfäheg ze sinn. Dat géif am Beräich vun der Kommunikatioun stëmmen, seet den Duschène. All Land géif seng eege verschlësselt Technologien asetzt.

Am Beräich vun der Satellitten-Technologie wier een ee vun den Champione weltwäit, seet den Etienne Schneider. "Da komm mir stellen der NATO d'Satellittekommunikatiounstechnologien zur Verfügung. Dat hu mir decidéiert, dofir hu mir LuxGovSat gegrënnt." Am Januar géif de Lëtzebuerger Militärsatelit an den Espace geschoss ginn. Een Deel vun de Capacitéite géif der NATO gratis zur Verfügung gestallt ginn. De Rescht vun de Capacitéite géif un d'Partnerstaate verkaaft ginn.

Litauen investéiert 1,8 Prozent vu sengem Bruttoinlandprodukt an d'Defense. D'Zil wier et fir zwee Prozent z'erreechen.

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / / Carole Schimmer
Lauschteren

Méi zum Thema

E Satellit am Orbit
GovSat-1

D'Virbereedunge fir de Militär-Satellit lafe gutt, seet de Patrick Biewer vu LuxGovSat. Enn dës Jores soll de kommerziellen, respektiv operationelle Betrib vum GovSat-1 kënnen ufänken.

Christian Schleck
Arméi

An Zukunft géif bei der Arméi méi an technesch Beräicher investéiert ginn. Et misst sech d'Fro gestallt ginn, ob een déi néideg Ressourcen dofir huet, seet de President vun der Arméigewerkschaft SPAL.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen