Konkret proposéiert Bréissel zwee Mandater fir Verhandlunge mat den USA iwwer een Accord unzefänken. Autoe géifen zu den Industrieproduiten dozou gehéieren, fir déi d'Kommissioun d'Taxe gären ofschafen oder reduzéiere wëllt.
Nach am Juli, wéi den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker an den amerikanesche President Donald Trump de Grondstee fir esou Verhandlungen iwwer Fräihandelsaccorden tëscht der EU an den USA geluecht haten, waren d'Autoen net mat dran.
"Mir gleewen drun, datt een equilibréierten Accord mat den USA, vun deem béid Säite kéinte profitéieren, kann erreecht ginn", sou d'Handelskommissärin Cecilia Malmström, déi awer och kloer feststellt, datt d'Konditioune fir een ausféierlechen Accord net gi sinn.
Keen neien TTIP
Dat wat d'EU proposéiert, wier ee limitéierten Accord. Et hätt een net wëlles, nees a Verhandlungen iwwer ee globalen Accord à la TTIP ze trieden. Wat allerdéngs als Berouegung fir all déi geduecht ass, déi esou engem Handelsaccord skeptesch géintiwwer stinn, kéint de Contraire erreechen.
Wat ass dann elo den Ënnerscheed tëscht esou engem op Industriegidder reduzéierten Accord an engem globalen Handelsofkommes? Dës Fro hu sech dës Woch Europaparlamentarier gefrot, wéi si mat der Kommissioun iwwer déi nei Mandater diskutéiert hunn.
Een Accord ouni Referenz op de Klima-Accord
Et géife sech eng Partie Froe stellen, iwwer europäesch Standarden, sot de Rapporteur vum Parlament, den däitsche Sozialist Bernd Lange. Zum Beispill déi vun den Engagementer vun der EU par Rapport zum Klimaschutz.
"Am Juli huet d'Parlament mat grousser Majoritéit eng Resolutioun ugeholl, déi seet, datt mir kee Fräihandelsaccord akzeptéieren, dee sech net kloer op de Paräisser Klimaaccord an deem seng Ëmsetzung bezitt."
Och an hirer eegener Strategie fir den Handel hätt sech d'Kommissioun selwer engagéiert, d'Ziler vu nohalteger Entwécklung an all Handelsaccord mat anzebezéien, gëtt déi britesch Labor-Europadeputéiert Judith Kirton-Darling ze bedenken.
"Wat d'Relatioune mat den USA ugeet, si mir an enger speziell sensibeler Situatioun, well mir wëssen, datt an der industrieller Produktioun d'Gefor vum Social Dumping ginn ass, well verschidde sozial Standarden an den USA net agehale ginn. Do gëtt et also ee potentiellen negativen Impakt op europäesch Hiersteller."
D'Kommissioun awer betount: Alles dat steet net zur Dispositioun. Europäesch Standarde wieren duerch deen elo geplangten Accorden net a Gefor.
Et schéngt hir awer schwéier ze falen, de kloren Ënnerscheed tëscht engem globalen an engem limitéierten Ofkommes ze maachen.
"Legal gesinn ass et ee Fräihandelsaccord, politesch gesinn ass et awer éischter ee sektoriellen Accord", erkläert de Representant vun der Kommissioun, de Jean-Luc Demarty den Europadeputéierten.
USA an EU wëllen net datselwecht
Ee sektoriellen Accord, deen awer, och wann d'Landwirtschaft ausgeschloss ass, ëmmerhin ee Marché vun 600 Milliarden Euro betrëfft, wat bal 95 Prozent vum gesamten Handel mat den USA ausmécht.
D'Chancen, datt sech d'USA op esou een Accord aloossen, sinn iwwerdeems net grouss. D'EU ass do awer strikt dogéint, datt Agrarprodukter mat abezu ginn. Washington hält par konter dorop.
Dat geet och aus den Ziler ervir, déi den 12. Januar vun amerikanescher Säit publizéiert goufen.
"Wann een déi zwee Texter liest, hätt een den Androck, dat iwwer zwee ganz verschidden Accorde verhandelt géif ginn. Dofir wier et interessant ze wëssen, wéi Dir dës Verhandlunge féiere wëllt?", freet de Schwed Christofer Fjellner am Debat am Parlament.
De Ball läit elo awer fir d'éischt am Feld vun den EU-Memberlänner. Si mussen d'Mandater gutt heeschen, fir datt d'Kommissioun mat dëse Verhandlungen ufänke kann.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.