Entreprisen Däitschland: Lieferkettengesetz kënnt
Déi däitsch Regierungsparteien hunn sech gëschter no laangem Hin an Hier op e sougenannt "Lieferkettengesetz" gëeenegt. Dëst gesäit vir, datt däitsch Entreprisen bei hiren Handelspartner kontrolléieren, ob Mënscherechter an Ëmweltschutzstandarden agehale ginn. D'Politik wéist sech erliichtert, bei der Wirtschaft an den ONGen gesäit et awer anescht aus.
Eis Kleedung, eist Iessen, den Handy oder aner Gadgeten: villes vun deem wat mir kafen a konsuméiere gëtt ënner Konditioune fabrizéiert, iwwer déi een am léifste wéineg wësse wëll. Elo awer mussen op d'mannst déi däitsch Entreprisen d'Scheiklappen ofdinn a Responsabilitéit iwwerhuelen.
No laangen Diskussiounen hu sech d'Regierungsparteie gëschter op dat sougenannt "Lieferkettengesetz" gëeenegt. Dëst gesäit fir, datt däitsch Entreprisen dozou verflicht ginn, bei hire Fournisseuren a Vertragspartner am Ausland ze kontrolléieren, ob Mënscherechter, Aarbechtsschutz an Ëmweltstandarden agehale ginn. Mierken si hei e Mëssstand mussen si géint dëse virgoen.
D'Responsabilitéit ass dobäi a Stufe festgeluecht: am meeschte Verantwortung droen d'Entreprisë fir sech selwer an hir direkt Fournisseuren a mussen hei och noweise kënnen, datt all Standarden agehale ginn. Beim erweiderte Krees vu Fournisseuren, déi zum Beispill d'Matière première un d'Vertragspartner liwweren, mussen däitsch Entreprisen nëmmen aktiv ginn, wann si op Mëssstänn opmierksam ginn.
D'Gesetz soll vun 2023 u gëllen an an der éischter Phase nëmme fir Entreprisë mat méi wéi 3.000 Salariéen. E Joer méi spéit och fir Entreprisë mat méi wéi 1.000 Ugestallten. Och international Betriber mat Sëtz an Däitschland solle betraff sinn.
Den däitschen Aarbechtsminister Hubertus Heil weist sech erliichtert a sot dem ARD-Hauptstadtstudio, un der Verantwortung fir Mënscherechter dierft kee Wee laanscht féieren. Dofir wier et wichteg, datt een dëst Gesetz konnt duerchsetzen - och géint de staarke Lobbywidderstand an no den zéie Verhandlungen.
Wéi vill zivilrechtlech Haftung?
E Sträit an der Koalitioun hat bal dozou gefouert, datt de Gesetzesprojet endgülteg vum Dësch war. Den Haaptknackpunkt war d'Fro vun der zivilrechtlecher Haftung vun den däitschen Entreprisen. D'Wirtschaftsverbänn haten hei virun oniwwersiichtlechen Haftungsriske gewarnt, och de Wirtschaftsminister Peter Altmaier war wéineg iwwerzeegt vum Gesetz, well et elo an der Pandemie nach méi Erausfuerderunge fir d'Betriber bedeit.
Am Kompromëss ass elo keng zousätzlech zivilrechtlech Haftung méi virgesinn. D'Bundesamt für Wirtschaft und Ausfuhrkontrolle soll iwwerpréiwen, ob d'Entreprisen hirer Flicht nokommen a kann och Geldstrofe verhänken.
D'Gesetz, dat nach an dëse Legislaturperiod soll gestëmmt ginn, gëtt vu Kritiker a Supporter gläichzäiteg kritiséiert. D'Wirtschaftverbänn soen et géing ze vill reguléieren an doduerch der Wirtschaft schueden. Vill ONGe kritiséieren, datt keng zousätzlech zivilrechtlech Haftung decidéiert gouf an esou business as usual encouragéiert gëtt.
Schonn an anere Länner wéi Frankräich oder Holland ginn et änlech Gesetzer, och zu Lëtzebuerg gëtt iwwer esou eng Mesure debattéiert. D'EU-Parlament hat iwwerdeems am Mäerz och fir en europäescht Lieferkettengesetz gestëmmt, dat nach däitlech méi strikt ewéi dat däitscht ass. Elo muss d'EU-Kommissioun gréng Luucht ginn an e konkrete Gesetzesprojet presentéieren.