arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuergesch Schreifweis vun den Uertsnimm

Sprooch

|
reading time

4 min

Lëtzebuergesch Schreifweis vun den Uertsnimm

De CPLL, de Conseil permanent de la langue luxembourgeoise, huet elo festgeluecht, wéi d'Nimm vun den Uertschaften, vun de Lieu-diten an de Quartiere vun de Stied hei am Land op Lëtzebuergesch geschriwwe ginn. D'Resultat vun där Aarbecht ass en Excel-Fichier, dee jidderee sech op cpll.lu, um Site vum Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch, erofluede kann. Hanner dem offizielle franséischen Numm vun den Uertschafte stinn doran dann den Numm op Lëtzebuergesch, wéi en elo festgehalen ass, mee och lokal a regional Varianten, déi gebraucht ginn.

reading time

4 min

Erënnert Dir Iech nach un déi grouss Landkaarten, déi soss an de Klassesäll houngen - a wéi et schéngt haut ëmmer nach hänken? Abee där grousser Wandkaarten eng, déi vum Lëtzebuerger Land natierlech, ass am Fong den Ausléiser fir d'Aarbecht, déi de CPLL elo ofgeschloss huet. Well d'Nimm vun den Uertschafte just an der offizieller Form do drop stinn, an net an där lëtzebuergescher.

"An du koumen Enseignante bei eis op de Ministère, déi mat auslännesche Schüler schaffen, also Jugendlechen, déi mat 10, 12 Joer an d'Land erakommen an da Lëtzebuergesch léieren", verzielt de Marc Barthelemy, President vum Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch, "an déi hunn eis du gesot, et wär awer elo ganz gënschteg, wann op där Kaart net nëmmen den offiziellen Numm géif stoen, mee och de lëtzebuergeschen Numm. Well bei enger Partie Uertschaften ass et jo net nozevollzéie wéi d'Korrespondenz ass, z. B. datt Bascharage Nidderkäerjeng ass oder datt Clemency Këntzeg ass. Also dat muss ee scho léieren, soss weess een dat net."

Upassung un dat aktuellt Regelwierk

De Conseil huet sech du vum Kadaster d'Lëscht vun den Uertschaften, an an engems déi vun de Lieu-dite komme gelooss. No enger éischter Lecture huet de Conseil direkt emol eng Decisioun geholl, déi en och mat kengem ofgeschwat, respektiv déi e sech och vu kengem ofseene gelooss huet. Do goung et einfach ëm eng Upassung un dat aktuellt Regelwierk.

1999 gouf et eng Ännerung vun de Regele vun der Schreifweis, déi gesot huet, datt Accent aiguen an Tremaen net bei onbetounte Silbe gesat ginn. Dofir hätt een dat dann ewech gelooss, seet de Marc Barthelemy. "D. h. mir hu gesot, bei Diddeleng kennt hanne keen Accent aigu a bei Monnerech kënnt och hanne keen Accent aigu virum ch, oder bei Konsdref kënnt keen Trema op deen e an der leschter Silb."

Kaum Konflikter mat de Gemengen

Déi Ännerung war wéi gesot net ze diskutéieren. Anescht wéi dat, wat an engem zweete Schrëtt geschitt ass. Do huet de Conseil einfach emol fir all Uertschaft an all Lieu-dit eng Schreifweis virgeschloen. Dëse Virschlag war awer net a Stee gemeesselt, mee ass de Gemenge pour avis virgeluecht ginn. Bis op e Grapp voll hunn déi och all reagéiert, et gouf kaum Konflikter, seet de Marc Barthelemy, och wann de Conseil net all Gemeng konnt oder wollt Satisfaktioun ginn:

"Also 't ass esou, datt bei de groussen Uertschaften, wou am ganze Land awer heefeg gebraucht ginn, datt mir gesot hunn: Do ass et awer deen Numm, dee bal iwwerall gebraucht gëtt, dee mir wëllen zeréckhalen, an net dee lokalen Numm. Also zu Veianen wollte mir net Veinen huelen als Haaptnumm vun där Uertschaft. Och zu Wolz soen si op der Plaz Wooltz mat zwee 0, do si mir bei Wolz bliwwen."

Dat selwecht gëllt och nach fir aner Uertschaften: Beim August Liesch setzt d'Maus Ketti nun eemol zu Biermereng bei hirem Lach am Feld, an net zu Börmereng. An dee fir vill Lëtzebuerger beschte Riesling kënnt net vun der Wormer, mee vun der Wuermer Koeppchen. Bei all deenen Uertschaften déi eng national Notorietéit hunn, huet de CPLL op den nationalen Numm insistéiert, och wann déi concernéiert Gemenge vläicht léiwer dee lokalen als offizielle kritt hätten. Mee dat ass eben d'Lous vun der Bekanntheet.

"ou" oder "u"?

Datt de Conseil awer net iwwerall stur seng Meenung imposéiere wollt, huet sech op anere Plaze gewisen:

"Zu Bous bei Réimech ass dat an der viregter Lëscht mat B-U-S geschriwwe ginn, an et stoung och esou um Uertsschëld. An d'Leit zu Bous waren natierlech e bëssen onglécklech doriwwer, well dat liest jidderee "Bus". A si haten dofir gefrot (de Gemengerot), si géifen awer léiwer den "ou" schreiwen. Et ass natierlech esou, datt Bous op Lëtzebuergesch normalerweis "Bouss" gelies gëtt, mee mir hunn awer och vill Wierder, wou den "ou" wéi "u" gelies gëtt, an deene franséischen. An am Saarland gëtt et och Bous mat "ou". Sou datt mir geduecht hunn: Si hunn eigentlech Recht, mir schreiwe Bous mat "ou". An dunn hate mir bei deene Groussbuser nogefrot, déi wëllen awer keen "ou". Also déi wëlle bei hirem Groussbus (hanne mat -bus) bleiwen."

Elo gëtt et eng Referenzlëscht, un där jidderee sech orientéiere kann: De Kadaster a Ponts et Chaussées wäerten dat op jidde Fall och maachen. An op där Lëscht steet hanner Pütscheid iwwregens Pëtschent als offizielle Lëtzebuerger Numm, an net méi Pëtscht. Déi Pëtschter (sou nenne sech d'Leit vu Pëtschent) ware jo ee Moment ellen erféiert, wéi si Pëtscht als offiziellen Numm op der Lëscht vum CPLL stoe gesinn hunn. Mee dat war just en Iertum, an deen ass elo verbessert.