Wirtschaft De Lëtzebuerger Staat verkeeft seng Parten u Paul Wurth

De Lëtzebuerger Staat verkeeft seng 40 Prozent Participatioun un der Lëtzebuerger Produktiounsentreprise Paul Wurth, dat huet wort.lu de Mëtteg gemellt.

jga / cz

Paul Wurth Logo

Lauschtert de ganze Bäitrag vum Jacques Ganser


D'Vente wier op Demande vum Haaptaktionär geschitt, heescht et aus dem Wirtschaftsministère. Den däitschen SMS Grupp hat 2012 d'Majoritéit u Paul Wurth iwwerholl. Den däitschen Maschinneproduzent fir d'Metallindustrie stëcht wéinst den Iwwerkapazitéiten am Stolberäich an der Corona Kris selwer a schlechten Dicher a wëll sech restrukturéieren. Laut OGBL giff et fir di ronn 450 Aarbechtsplaatzen zu Lëtzebuerg Garantie gin, d'Aktivitéiten hei am Land sollen sech künfteg op d'Notze vu Waasserstoff fir d'Stolindustrie fokusséieren.

Méi zum Thema

Dateschutz an der Impfcampagne
Covid-Gesetzer

Den Dateschutz gëtt méi kloer am Covid-Gesetz gereegelt. Bei der Impfcampagne solle just nach déi Date laang gehale ginn, bei deenen et Sënn mécht. Daten, déi net gebraucht ginn, solle fréi geläscht ginn.

Roland Bastian
Industrie

De Stolkonzern ArcelorMittal hat de leschten Donneschdeg annoncéiert, datt 570 Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg sollen ofgebaut ginn. Wéi genee den Ofbau geschéien an ofgefiedert gi soll, wier nach net decidéiert.

Paul Schumacher
Melting Pol

"Under Construction" heescht d'Installatioun vum Paul Schumacher aka Melting Pol, déi een an der Annex 22 op der Escher Brillplaz elo ka gesinn. D'Valerija Berdi huet mam Kënschtler iwwer säi Wierk geschwat.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen