Well et de Moment net dono ausgeséich, datt de Konflikt tëschent Israel a Palestina kuerz- oder mëttelfristeg kéint geléist ginn, wier virgesinn, datt bis zu zwee Lëtzebuerger Poliziste sech un der EU-Policemissioun bedeelegen, erkläert d'Stéphanie Empain, Deputéiert vun déi gréng. Dat
Aktuell hätt sech eng Polizistin, déi och dem gesichte Profil entsprécht, fir dës Missioun gemellt, déi och arabesch kéint. Falls eng zweet Persoun mam richtege Profil fonnt géif ginn, kéint déi och nach derbäi kommen.
Beim Opbau vu Palestina hëllefen
Bei der Missioun hätten d'Polizisten d'Aufgab déi palestinensesch Autoritéiten ze beroden, esou d'Presidentin vun der Chamberkommissioun fir bannescht Sécherheet an Defense. Dat kéint op verschidden Niveaue sinn, beispillsweis bei der Police routière, bei der Police judiciaire, bei der Police de proximité oder och bei der Lutte géint Drogen.
D'Haaptmissioun wier et, der palestinensescher Police ze hëllefen a se an hirer Aarbecht ze begleeden, esou den Direkter vun der politeschen Affären am Ausseministère Olivier Maes am 100,7-Interview. Lëtzebuerg géif sech generell beméie bei zivillen EU-Missioune matzemaachen. Hei géif et dorëm goen, am Kontext vun enger Zwee-Staate-Léisung, ze hëllefen déi palestinensesch Institutiounen ze verstäerken.
Bis elo huet Lëtzebuerg sech finanziell mat 100.000 Euro am Joer 2012 un der EU-Police-Missioun am Westjordanland bedeelegt. Eng weider finanziell Ënnerstëtzung an Zukunft gëtt net ausgeschloss.