Verteidegung Lëtzebuerger Militärdepensë klammen op 0,72 Prozent vum PIB

Den Observatiouns-Satellit LUXEOSys wäert nieft der Äerd och de Weltall am A behalen. De Verteidegungsminister François Bausch seet, hien hätt de Méindeg um Bord vum NATO-Sommet en Accord ënnerschriwwen, fir am Kader vun der Allianz 6,7 Millioune fir d'Observatioun vum Weltraum zur Verfügung ze stellen. A LUXEOSys soll do eng Roll spillen. Aus verschiddene Grënn: fir wichteg Infrastrukture vun der Weltgemeinschaft am Weltraum ze schützen a fir Schied duerch Weltraumschrott ze vermeiden.

Maurice Molitor (Interview) / Chris Zeien (Web)

François Bausch

Domat schrauft Lëtzebuerg seng Militärdepensen nees e klengt Stéck erop, wäert awer ni déi zwee Prozent vum PIB erreechen, déi d'NATO hire Memberen fir 2024 u sech als Zil virginn huet. Dee Moment sollen et hei 0,72 Prozent vum PIB sinn - an driwwer ze komme wier schwéier méiglech, sou de François Bausch. D'Allianz hätt och Verstees-de-mech dofir. D'NATO fuerdert Lëtzebuerg awer och op fir Truppen zur Verfügung ze stellen. Lëtzebuerg géif och an Zukunft probéieren, fir méi a Batailloune present ze sinn, sou de François Bausch.

"Dat ass awer nach ëmmer bescheiden, wéi elo an der Sahel-Zon: do si mer mat an déi 20 Leit bei enger europäescher Missioun dobäi. An dat wäert och an deene Parragë bleiwen. Mee mir ginn als ganz wichtege Partner ugesinn obscho mer bei wäitem Schlussliicht sinn an den Investissementer, an och do wäerte bleiwen."

Lëtzebuerg wäert dem Verteidegungsminister no och ni iwwer 0,70 Prozent vum PIB fir Verteidegung a Rüstung ausginn an d'Amerikaner wéissten, datt e klengt Land wéi Lëtzebuerg "natierlech ni op déi zwee Prozent kënnt. Komm mer si realistesch". Lëtzebuerg wäert virun allem weider a Projete wéi de LUXEOSYS-Satellit investéieren déi e positive Réckkopplungseffekt op d'Lëtzebuerger Ekonomie hunn, sou de François Bausch.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Jens Stoltenberg a Xavier Bettel
Relatiounen tëschent EU an NATO

De staarke Langage vis-a-vis vu Peking refletéiert dem US-President Joe Biden säi Message, wärend senger éischter Europarees. D'NATO-Memberlänner hu gëschter och Russland ferm kritiséiert.

Den US-President Joe Biden mat senger Fra Jil Biden bei der Arrivé um G7-Sommet
EU-USA

Um EU-USA-Sommet soll eng nei Ära un Handelsrelatiounen tëschent deenen zwee agelaut ginn. Den Handelssträit, deen ënner dem Donald Trump eskaléiert war, ass awer och ënner dem Joe Biden net bäigeluecht.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen