Lëtzebuerger Presselandschaft Lëtzebuerger Journal stoppt Pabeier-Editioun
D'Dageszeitung "Lëtzebuerger Journal" stoppt Enn des Joers d'Produktioun vun hirer Versioun op Pabeier. Vun 2021 u wëll de "Journal" sech op seng digital Offer konzentréieren. Eng Publikatioun op Pabeier bleift Deel vum Konzept, dës soll awer manner dacks erschéngen. Dat gouf haut an engem Communiqué ugekënnegt.

Versprach gëtt eng nei digital Plattform mat multi-mediale journalistesche Formater. Donieft wier eng gedréckte periodesch Publikatioun geplangt. Dat neit Konzept soll Enn vum Joer presentéiert ginn.
Wéinst der geplangter Transformatioun soll d'Zeitung schonn deemnächst nëmmen nach fënnef Mol pro Woch erauskommen.
Ouni déi staatlech Pressehëllef kéint de "Lëtzebuerger Journal" net bestoen, hat de President vum Verwaltungsrot Kik Schneider viru gutt zwee Joer am 100,7-Interview gesot.
Corona-Kris huet Decisioun acceleréiert
Déi Iwwerleeung hätt ee scho méi laang gefouert, seet den Direkter a Chefredakter Claude Karger. Mee d'Decisioun wier wéinst der Corona-Kris elo méi séier getraff ginn: D'Revenuen aus den Annoncë wieren déi lescht Méint agebrach, an et géif een op deem Marché net vun enger séierer Relance ausgoen.
De genaue Finanzéierungsmodell fir den neie Produit steet nach net, erkläert de Claude Karger:
"Mir géifen eis natierlech ganz staark wënschen, datt déi Reform vun der Pressehëllef - déi jo e Paradigmewiessel ass vun engem Modell, deen op der produzéierter Säitenzuel baséiert, zu engem Modell, dee baséiert ass op Pressekaarte vu Journalisten déi an engem Betrib schaffen - datt déi relativ schnell géif kommen. Op der anerer Säit fällt déi Online-Pressehëllef, déi et elo gëtt, och an eis Consideratiounen. Mir sinn am Gaangen, dee Modell fäerdeg auszeschaffen."
Ob déi digital Offer soll gratis sinn, oder eng Pay-Wall geplangt ass, wier nach net entscheed, seet de Claude Karger:
"Fir eis wichteg ass, datt mir kënnen nei multimedial journalistesch Formater ubidden. An do ass ee staarkt Ëmdenke bei eis am Haus gefrot."
Aktuell schaffen aacht Journaliste fir de Journal. Ob et dobäi bleift, kéint hien elo nach net aschätzen, esou nach den Direkter a Chefredakter vum Journal.