Medien Lëtzebuerger Journal: "Mir si keng DP-Zeitung méi"

Et misst een endlech ophalen, de Lëtzebuerger Journal als Parteizeitung vun der DP duerzestellen. Dat seet deen neien Direkter vum Journal. Den Daniel Nepgen betount, seng Journaliste géifen net vun DP-Politiker gesot kréien, wat si solle schreiwen. An dat géif och an Zukunft net geschéien, wann de Journal net méi als gedréckten Zeitung eraus kënnt, mee online.

Rick Mertens (Interview) / Chris Zeien (Web)

Daniel Nepgen
Den Daniel Nepgen ass den neien Direkter vum Lëtzebuerger Journal (Foto: journal.lu)

Wann all DP-Member en Abonemment beim Journal gehat hätt, hätt déi gedréckte Versioun vun der Zeitung kënne weiderliewen. "Firwat schwätze mer haut nach ëmmer vun enger Parteizeitung? Ech wär net bei eng Parteizeitung schaffe gaang, dat kann ech Iech soen, esou den Daniel Nepgen.

Den neien Direkter vum Journal ass dowéinst och dofir, datt d'DP hir Partei-Statuten iwwerschafft. An deene Statute gëtt de Journal nämlech nach ëmmer als "offiziellt Parteiorgan" bezeechent.

Duerch aner Bléckwénkele Plus-value schafen

De Lëtzebuerger Journal kritt vum éischte Januar un eng Chefredaktesch. D'Melody Hansen iwwerhëlt de Posten am neie Joer vum Claude Karger. Dat huet den Direkter vum Journal, den Daniel Nepgen, de Moien hei op der Antenn annoncéiert.

D'Melody Hansen war virdrun dräi Joer Journalistin beim Tageblatt. Beim Journal gëtt si elo Chefredaktesch vun engem rengen Online-Medium. Vum 1. Januar u kënnt de Journal nämlech net méi als gedréckten Dageszeitung eraus a wäert da reng online publizéieren.

Och de Contenu wäert an Zukunft en anere sinn. Den Daniel Nepgen betount, den neie "Journal" wéilt d'Aktualitéit anescht beliichte wéi déi klassesch Dageszeitungen. Et wéilt ee mat Recul d'Hannergrënn vun Theeme beliichten.

"Mir verschléissen eis kengen Theemen, mee mir soen eis elo net: Ah, haut musse mer en ekonomeschen, e politeschen, an nach eppes fir déi jonk maachen, asw. Nee, mir couvréieren déi Sujeten a paken déi un, wou mer der Meenung sinn, mir kéinten eng Plus-value bidden. Aner Bléckwénkelen, e bësse méi déif vläicht goen, wéi déi aner. An doduerch eng Plus-value schafen."

De Leit op hirem Handy oder Tablett Qualitéit bidden

Et géif ee sech kengem Theema verspären, mee probéieren "eng mënschlech Perspektiv" ze bidden an "no bei de Leit ze sinn".

"(...) datt ee vläicht och emol komplex politesch Sujeten op eng Manéier upéckt, datt och jiddweree se versteet. Also: D'Politik huet elo x decidéiert - wat heescht dat fir mech a mengem Liewen? Fir eng Privatpersoun, fir e Commerçant. A wéi eng Auswierkungen huet dat eventuell?"

Reporter.lu wier viru puer Joer eng Pionéierleeschtung gelongen, andeems si den éischte reng digitalen Online-Medium lancéiert hätten. Dat misst een "endlech unerkennen".

"Wann d'Leit eben haut méi op hirem Handy oder hirem Tablett sinn, da ginn ech de Leit do entgéint a liwweren hinnen do - awer weiderhi Qualitéit."

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Mike Koedinger
Reform vun der Pressehëllef

De Mike Koedinger kritiséiert, datt bei der Reform vun der Pressehëllef Online- a Printmedien net d'selwecht behandelt ginn. Et wier net méi deier eng Zeitung ze drécken, wéi eng Onlineplattform ze bedreiwen.

De Journal
Lëtzebuerger Presselandschaft

D'Dageszeitung "Lëtzebuerger Journal" stoppt Enn des Joers d'Produktioun vun hirer Versioun op Pabeier. Vun 2021 u wëll de "Journal" sech op seng digital Offer konzentréieren.

D'Medielandschaft zu Lëtzebuerg Exklusiv
Pressehëllef

Maximal 1,6 Milliounen Euro u Pressehëllef kann ee Medium an Zukunft vum Staat accordéiert kréien, wa bestëmmte Konditiounen erfëllt sinn. D'Editeure fuerderen ee méi präzisen Text.

Kik Schneider
70 Joer Lëtzebuerger Journal

De Kik Schneider mengt net, datt d'Reform vun der Pressehëllef nach virun de Chamberwahle Realitéit gëtt. De Lëtzebuerger Journal kéint momentan just wéinst der Pressehëllef iwwerliewen.

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen