Defense Lëtzebuerg verfeelt NATO-Virgaben
Lëtzebuerg verfeelt knapp säin Engagement vis-à-vis vun der NATO, fir d'Militärausgaben bis dëst Joer op 0,6 Prozent vum PIB eropzeschrauwen - ëm 0,2 Prozentpunkten. Dat obwuel d'Depensë fir d'Defense geklomme sinn, bis op 375 Milliounen Euro dëst Joer. An deenen nächste Jore stinn eng ganz Rei Investissementer an d'Infrastruktur un, et ginn Drone kaf an e Cyber-Schéissstand gebaut. Mee et wäert awer schwiereg ginn, dat neit NATO-Zil, vun 0,72 Prozent vum PIB bis 2024 ze erreechen. Dat seet de Verteidegungsminister François Bausch.
0,72 Prozent vum PIB - dat wieren 2024 viraussiichtlech 515 Milliounen Euro d'Joer. Lëtzebuerg wäert awer hanner dësem Zil zeréckbleiwen, seet den zoustännege Minister François Bausch. Och fir d'Joren 21, 22 an 23 wäert dat viraussiichtlech de Fall sinn. "Mir hate fir 2023 zum Beispill uginn, datt mer bei 0,69 Prozent wieren. Mir kommen awer just op 0,60"., sou de François Bausch.
Mat engem Arméi-Corps vun 1.000 Leit, ouni Militäraviatioun a Marinn, wier et "bal eng Saach vun der Onméiglechkeet fir e Land wéi Lëtzebuerg, ausser et mécht een egal wat", fir d'NATO-Virgaben ze erfëllen, no deenen d'Memberstaaten am Fong zwee Prozent vum hirem PIB an d'Defense mussen investéieren.
Fir net "egal wat" mam Geld ze maache géif e groussen Deel vun de Suen an d'Infrastruktur zu Lëtzebuerg investéiert ginn, sou de Verteidegungsminister. Fir unzefänken an d'Renovatioun vun der Kasär um Härebierg, déi 132 Milliounen Euro wäert kaschten. De Projet de Loi dofir ass deposéiert. Anescht ass dat fir d'Renovatioun vum Munitiounsdepot um Waldhaff an déi vum Schéissstand am Bleessdall, déi jeeweils 50 Milliounen Euro wäerte kaschten. Um Terrain vum Bleessdall wier eng "immens Buedemverknaschtung", déi fir d'éischt komplett misst sanéiert ginn, éier eppes Neies drop gebaut kéint ginn.
Wirtschaftlech Retombée och am medezinesche Beräich erwaart
Mat den USA zesummen investéiert Lëtzebuerg an de Maintien an den Ausbau vu der WSA zu Suessem. Iwwer zéng Joer dréit Lëtzebuerg 225 Milliounen Euro zu dësem Projet bei.
Fir de Projet vum Militärspidol aus der leschter Legislaturperiod gëtt et nach keng Estimatioun. De Projet geet och ëmgeännert, well e rengt Militärspidol dem François Bausch net sënnvoll geschéngt huet. No Gespréicher mat der Dokteschassociatioun AMMD wier d'Iddi opkomm, fir zesumme mat der Uni en Exzellenzzentrum opzebauen an deem Medezinsberäich, wou kéint gefuerscht ginn, sou de Minister. Deen Departement vum Spidol kéint och vun der Uni profitéiere fir ënner anerem d'Ausbildung vun de Medezinsstudenten. De François Bausch erwaart sech dovun och eng wirtschaftlech Retombée am Beräich vun der Fuerschung fir Lëtzebuerg.
Investitiounen an Dronen
Lëtzebuerg investéiert zesumme mat Holland an e Programm fir nei Dronen ze kafen. Déi éischt vun dësen Drone kéint 2021 operationell sinn. Zwee bis dräi Systemer wäerten an enger éischter Phas fir 25 Milliounen Euro kaf ginn. Si kënnen net arméiert ginn, mee ginn agesat fir Observatioun ze maachen. D'Observatioun ass zanter laangem eng vun den Haaptaufgabe vun der Lëtzebuerger Arméi. Dofir gouf mat den Dingo-Gefierer geschafft, déi elo net méi renovéiert oder ersat ginn, sou de François Bausch.
"Déi fueren net ganz hannen, déi fueren ganz vir. Dat sinn am Fong déi Zaldoten, déi am meeschten exposéiert sinn. Well déi gi jo kucken, wat lénks a riets lass ass. Bei den Dronen ass et natierlech ëmgedréit. Do fueren ech och ganz vir, mee et sëtzt kee méi dran. Deen dee steiert, setzt ganz hannen. Dofir ass et natierlech interessant, fir an déi Richtung ze goen, mir kënnen an der selwechter Philosophie bleiwen."
Investitiounen an de Site vun der NSPA an an e Cyber-Schéissstand
Mat der NSPA, der fréierer Namsa, der Logistikagence vun der NATO, sollen d'Anlagen zu Kapellen erneiert ginn. Dee Projet, deen insgesamt 270 Milliounen Euro wäert kaschten, vun deene Lëtzebuerg der 180 iwwerhëlt, wäert sech iwwer 17 Joer zéien. An der éischter Phas gëtt en neit Gebai opgeriicht, bäi dat Lëtzebuerg 15,2 Milliounen Euro bäileet.
Zesumme mat der NSPA gëtt dann och eng Cyber-Range gebaut. Eng Zort Cyber-Schéissstand, dee viraussiichtlech 4,4 Milliounen Euro kaschte wäert. "Do kann trainéiert ginn, gekuckt ginn, wat fir eng Attacke kënne kommen a wéi een déi ofwiere kann an esou weider."
Weider Investitiounen an d'Cyber Defense an an Tankfligeren
D'Cyber Defense, also zum Beispill géint Ugrëffer op d'Energieinfrastruktur, wier eng vun den neie Prioritéiten, déi d'NATO definéiert hätt. Dofir kucken déi Responsabel bei der Defense no weidere Méiglechkeeten, fir an déi Richtung ze investéieren. Elo scho bezuelt ass de Militärfliger A400M, deen am Juni soll geliwwert ginn. E kascht um Enn 198 Milliounen Euro a 450 Milliounen Euro fir en iwwer d'Liewensdauer vum Fliger ze bedreiwen.
De leschte Mount gouf an der Chamber de Projet de Loi deposéiert, mat deem sech Lëtzebuerg mat fënnef Länner un enger Flott vun Tankfligere bedeelegt. Käschtepunkt: En Invest an d'Material vun 172 Milliounen a 598 Milliounen Exploitatiounskäschten iwwer 30 Joer. Et wëllt ee léiwer a Programmer abezuelen, wéi Material kafen, sou de Minister.
"Wouvun mer ewech komm sinn, wat awer e bëssen d'Tendenz ee Moment war, dat ass fir ze soen, komm mir bauen eng Kapazitéit um Findel op. Eng militäresch Kapazitéit, wou och Fligeren um Findel stationéiert ginn. Ech mengen, dat mécht einfach kee Sënn fir eis."
Trotzdeem wëllt de Minister eng nei Filière opbaue fir Militärhelikopteren ze kafen a Piloten dofir auszebilden.