Dubai 2020 Lëtzebuerg op der Weltexpo 2020 zu Dubai: Alles leeft no Plang

15.000 Visiteuren den Dag solle sech vun Oktober 2020 bis Abrëll 2021 de Lëtzebuerger Pavillon op der Weltausstellung zu Dubai-City ukucken. Domat rechent d'Maggy Nagel, déi Lëtzebuerger Generalkommissärin fir dës Expo. D'Diversitéit, d'Oppenheet den Dynamismus, d'Connectivitéit, den Entreprenariat, d'Logistik an déi nei Technologien sollen Thema am Lëtzebuerger Pavillon sinn. D'Bauaarbechte solle spéitstens Ufank August ufänken, sou d'Generalkommissärin vum Lëtzebuerger Projet.

Serge Kesseler / cbi / cz

Maggy Nagel
D'Maggy Nagel ass Generalkommissärin vum Lëtzebuerger Projet fir d'Weltexpo 2020 zu Dubai

D'Opriichten, d'Bedreiwen an d'Ofrappe vum Lëtzebuerger Pavillon sollen 32 Milliounen Euro kaschten. Dat si ronn 185.000 Euro pro Dag. Bis elo géif näischt drop hiweisen, datt dëse Budget net kéint respektéiert ginn, sou déi fréier DP-Ministesch. Lëtzebuerg hätt gemierkt, datt et mat enger Präsenz op enger Weltausstellung an enger "ganz anerer Liga" misst matspillen.

D'Generalkommissärin fir d'Expo Maggy Nagel huet och confirméiert, datt de Pavillon no der Expo net hei am Land erëm opgebaut gëtt, well dat op d'mannst 16 Milliounen Euro zousätzlech kascht hätt. Fir den Amenagement vum Terrain wiere weider Investitiounen néideg gewiescht. Dowéinst hätt d'Lëtzebuerger Regierung sech schlussendlech dogéint entscheet, fir de Pavillon no der Expo nees zu Lëtzebuerg opzeriichten. "Dat ass och kee Problem, d'Kreeslafwirtschaft ass een Thema, a mir musse laut Organisateur 70 Prozent recycléieren. Dat heescht, et gëtt e ganz nohaltege Projet", sou d'Maggy Nagel.

D'Bauaarbechte solle geschwënn ufänken

Lëtzebuerg hätt als éischt Land säi Kontrakt ënnerschriwwen, fir op der Expo 2020 zu Dubai present ze sinn, sou d'Generalkommissärin. Enn Juli, Ufank August sollen d'Bauaarbechten ufänken. De Lëtzebuerger Projet, deen dem Public während der Weltausstellung soll presentéiert ginn, besteet aus enger Geschicht, sou d'Maggy Nagel. "Mir wëllen de Visiteur mat senge fënnef Sënner op eng Rees duerch Lëtzebuerg mathuelen, wou d'Diversitéit, d'Oppenheet den Dynamismus, d'Connectivitéit, den Entreprenariat, mee awer och d'Schéinheet vu Lëtzebuerg wäerten d'Haaptthema sinn."

Lëtzebuerg wäert mat sengem Projet weisen, datt d'Land am "Espace" an an der Logistik doheem ass, an datt d'Land keng Angscht virun neien Technologien huet, sou d'Maggy Nagel.

D'Generalkommissärin këmmert sech zanter Abrëll 2016 ëm d'Virbereedung vun der Lëtzebuerger Präsenz op der Weltausstellung. No där Expo wéilt si an d'Pensioun goen, huet d'Generalkommissärin ugekënnegt.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Serge Kesseler
Lauschteren

Méi zum Thema

Expo Dubai 1
Weltausstellung

D'Maggy Nagel, General-Kommissärin fir d'Weltaustellung, huet um Wirtschaftministère déi finaliséiert Architektur vum Pavillon virgestallt. Duerch eng Charta soll de Respekt vun den Aarbechtsrechter garantéiert ginn.

Maggy Nagel
Weltausstellung Dubai 2020

25 Milliounen Euro stellt d'Regierung. Ronn aacht Millioune gi vu Partner investéiert. Deen Deel vum Pavillon, deen no der Ausstellung nees op Lëtzebuerg kënnt, soll zu engem Space Center ëmgebaut ginn.

Maggy Nagel
Maggy Nagel

D'Maggy Nagel geet net méi mat a Walen. Mat der Politik wier et ganz eriwwer, esou déi fréier Ministerin. Als Lëtzebuerger Kommissärin ass d'Maggy Nagel zoustänneg fir d’Weltausstellung 2020 zu Dubai.

Jean-Claude Franck Kommentar
Regierungsembildung

De Récktrëtt vun der Ministesch Maggy Nagel huet net just op hir Schwächten higewisen, mä och op déi vun hirer Partei. D'DP huet eis eppes virgemaach, amplaz fir Kloerheet ze suergen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen