Déi Decisioun soll nach haut den Owend nach a Kraaft trieden. Deemno ass et net méi néideg a Quarantän ze goen oder en negativen Covid-Test ze hunn, wann een vu Lëtzebuerg an Däitschland wëllt reesen.
Den Ausseminister Jean Asselborn huet déi Decisioun an engem Communiqué begréisst. Hie wier erliichtert, datt déi däitsch Regierung dës Decisioun geholl huet, heescht et do. Den Ausseminister huet och drun erënnert, datt een europäeschen Effort néideg wier, fir d'Corona-Pandemie ze bekämpfen.
Lëtzebuerg ass zanter dem 14. Juli op der Lëscht, wat d'Reesen tëschent Lëtzebuerg an Däitschland ageschränkt huet. De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn hat méi wéi eemol intervenéiert, fir Lëtzebuerg vun der Lëscht erofzekréien.
D'Infektiounszuelen hei am Land leie schonn zanter zwou Wochen däitlech ënner der Limitt, déi de Robert Koch Institut festgeluecht huet. Politiker aus den däitschen Nopeschregiounen hate sech och dofir agesat, datt d'Reesaschränkungen opgehuewe géife ginn.