Weltraumindustrie Lëtzebuerg: Investisseur am Weltall

Lëtzebuerg ass e Pionéier, wat Weltraum-Investissementer ugeet. Dat seet de renomméierte Journalist Peter de Selding. Lëtzebuerg wier bereet, Risiken anzegoen. Duerch variéiert a kleng Investissementer géif een dee Risiko allerdéngs kleng halen. Doduerch géif d'Land an Europa un éischter Plaz stoen.

Claude Biver / cz

Groundstation
Foto: Bigstock / Phonlamaiphoto

Obschonns Lëtzebuerg duerch seng Investissementer am Beräich Space Resources géif Risiken agoen, géif een duerch variéiert a kleng Investissementer dee Risiko kleng halen, seet de Peter de Selding, renomméierte Journalist am Gebitt Weltall.

Ech menge schonn, datt Lëtzebuerg e Pionéier ass. Souguer wann alles, woura si investéieren net klappt, ass et nach ëmmer eng gutt Iddi. Nach eng Kéier, wann ee sech Lëtzebuerg als Risikoinvestisseur virstellt: Si investéieren a verschidde Projeten, an erwaarde sech och, datt verschiddener näischt ginn. Mä déi, déi Succès hunn, kéinte ganz vill Succès hunn. Déi aner wäerten net einfach verschwannen. Si wäerten an aner Projeten investéieren, also ass dat net ëmmer eng schlecht Saach.

Lëtzebuerg géif duerch seng Risikobereetschaft un éischter Stell an Europa stoen. Mä aner Länner wieren net wäit hannendrun. Si hätte verstanen, datt "Space Resources" e Garant fir wirtschaftleche Wuesstem wieren. D'Cooperatioun mat Global Spire, déi de Wirtschaftsminister Etienne Schneider gëschter presentéiert huet, wier heifir e gutt Beispill. Et géing ee weisen, datt een et seriö géing mengen, an datt et net just eng Spillsaach wier.

Op enger Konferenz um Kierchbierg presentéiere kleng Start-uppen den Ament hir Weltraum-Projeten. De Wirtschaftsminister sot iwwerdeems, datt nach weider Accorde mat aneren Entreprisë géife verhandelt ginn.


De Bäitrag vum Claude Biver vum 16. November

Peter de Selding

Méi zum Thema

Houston, Tx/usa - Circa July 2013: Astronauts In Space Suits In Lyndon B. Johnson Space Center, Hous
Spaceresources

Déi international Promotioun vu spaceresources.lu ass e Succès. D'Ekonomie vun de Weltall-Ressourcë muss sech nach entwéckelen.

International Space Station and astronaut in outer space over the planet Earth. Elements of this ima
Spaceresources

Den Interessi vun amerikaneschen Entreprisen um "Spaceremining"-Projet ass grouss. Lëtzebuerg huet sech als éischt europäescht Land positionéiert, dat de Secteur zu enger Wirtschaftsnich wëll entwéckelen.

Astronaut.jpg
Spaceressources

Op Wirtschaftsmissioun op der US-Westküst wëll de Wirtschaftsminister Lëtzebuerg an der Weltallwirtschaft positionéieren. An dat trotz juristeschen Onsécherheeten.

Space Mining
Space Mining

D'Halschent vun de 25 Milliounen Euro, déi de Staat investéiert, si fir Fuerschung an Entwécklung bei der Lëtzebuerger Filial vu Planetary Resources. De Rescht gëtt an d'Mammenhaus investéiert.

asteroid.jpg
Space Mining

D'Ofbaue vu Mineralien am Weltall kléngt wéi Science-Fiction, ass awer keng. Lëtzebuerg wëll an deem Beräich Pionéieraarbecht leeschten. An et gëtt och éischt Unzeechen, datt dee Plang kéint opgoen.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen