Mobilitéit "Lëtzebuerg ass net mat Paräis ze vergläichen"

D'Stater Buergermeeschtesch wiert sech géint d'Virwërf, d'Stad géif net konsequent genuch op Foussgängerzonen a Vëlosweeër setzen. D'Méiglechkeete fir Stroosse fir Autoen zouzemaache wier limitéiert, esou d'Lydie Polfer.

Rick Mertens (Interview) / Claude Biver (Web)

Lydie Polfer
D'Lydie Polfer ass Buergermeeschtesch an der Stad Lëtzebuerg

Grouss europäesch Stied, wéi Bréissel oder Paräis, hu vum Lockdown profitéiert fir hir Vëlospisten auszebauen a verschidden Haaptstroosse fir den Autosverkéier zouzemaachen.

D'Lydie Polfer seet et wier "illusoresch" d'Stad Lëtzebuerg mat dëse Stied ze vergläichen. Lëtzebuerg wier nämlech eng Festungsstad, an där d'Autoen net op aner Stroosse kéinten auswäichen, wann een zentral Verkéiersachse fir Foussgänger a Vëloe reservéiert.

"Individualverkéier huet seng Plaz"

D'Stad Lëtzebuerg hätt zwee Prozent vum Territoire vum Land, an dovunner wier d'Hallschent Gréngfläch, also Bëscher, Parken a Wisen. Um aneren Deel géif 20 Prozent vun der Bevëlkerung wunnen an et wieren iwwer 40 Prozent vun den Aarbechtsplazen do. Net jiddweree wunnt an der Stad, an déi Leit missten op hir Aarbechtsplaz kommen, seet d'Lydie Polfer.

"Dofir gëtt et nëmmen eng kohärent Politik, wou engersäits den ëffentlechen Transport muss favoriséiert ginn: dat maache mer mam Zuch, dem Tram an de Busser. Den individuelle Verkéier, deen huet nach ëmmer seng Plaz."

Kritik vun déi gréng: net koherent

Déi gréng Oppositioun am Stater Gemengerot wier net kohärent, seet d'Lydie Polfer. Si wiert sech géint de Reproche, datt an deem Dossier net genuch gemaach gëtt. Déi gréng hätten 12 Joer laang d'Responsabilitéit vun der Circulatioun an der Stad Lëtzebuerg gehat:

"Do sinn eng ganz Rei Saache gemaach ginn, dat hu mir zesumme gemaach. Mee an deene leschten dräi Joer ass nach méi gemaach ginn."

Als Beispill nennt d'Lydie Polfer de Vëloswee an der aler Avenue. An de leschten dräi Joer hätten iwwer 100 Parkplaze misste Plaz maache fir Vëlosweeër, esou d'Stater Buergermeeschtesch.

Keng Maskeflicht an der Stad

D'Stater Buergermeeschtesch gesäit am Moment kee Grond fir eng Maskeflicht an de Stroosse vun der Stad anzeféieren. An hiren Ae géifen d'Leit sech och ouni zousätzlech Virschrëften un d'Distanzreegelen halen, esou d'Lydie Polfer.

Sollten d'Leit awer ufänken, sech net méi un déi Reegelen ze halen, misst ee vläicht aner Moossnamen envisagéieren, esou d'Lydie Polfer.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Monique Goldschmidt
Vëlosinitiativ

D'LVI hofft, datt d'Euphorie ëm de Vëlo nohalteg erhale bleift, an datt de Schwong aus de leschte Wochen zu enger anerer Mobilitéit féiert. Dofir missten d'Sécherheetslacunne bei de Vëlospiste behuewe ginn.

Vëlobuttek
Wirtschaft

Zanter Wochen ass et schwiereg hei am Land un en neie Vëlo ze kommen. D'Corona-Pandemie hat e reegelrechte Rush op Vëloen ausgeléist. Eng héich Demande, där d'Offer net nozekomme schéngt.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen