EU-GRENZWÄERTER Lëtzebuerg fuerdert Enn vum Verbrennungsmotor bei Camionen

Lëtzebuerg an d'Belsch, Holland an Dänemark fuerderen een Enn vum Verbrennungsmotor bei Camionen. D'EU-Kommissioun misst een Datum festleeën, vu wéini u Camionen a Bussen, déi nei zougelooss ginn, keng CO2-Emissioune méi dierfen an d'Loft blosen, fuerderen d'Länner an engem Pabeier.

Danièle Weber (Bréissel) / cbi

Camionen
Foto: Bigstock / IvanSpasic

Lauschteren


Lëtzebuerg appelléiert zesumme mat dräi aneren EU-Länner un d'Europäesch Kommissioun, een Datum fir den Ënn vum Verbrennungsmotor bei Poids lourdsen ze fixéieren.

Méi streng Reegele fir d'Emissiounen am Transportsecteur ze reduzéiere wieren néideg, fir d'Klimaziler ze erreechen, heescht et an engem Pabeier un d'Kommissioun, deen eis virleit.

D'Industrie wier prett, an noer Zukunft Gefierer ze liwweren, déi keng CO2-Emissioune produzéieren. Déi entspriechend Technologie wier do, heescht et an Pabeier, deen eis virläit.

Nieft dem Grand Duché gouf d'Schreiwes och vun der Belsch, Holland an Dänemark ënnerschriwwen.

Reduktiounsziler fir Camionen a Busse bis 2030 verschäerfen

D'Kommissioun ass am Gaangen un enger Revisioun vun den aktuelle Grenzwäerter fir d'CO2-Emissioune fir Poids lourdsen ze schaffen. Dora misst d'Zil vu Null-Emissioune fir nei Gefierer, déi um Marché zougelooss ginn, festgehale ginn, heescht et am Pabeier.

Een Datum gëtt net genannt, et misst séchergestallt ginn, datt d'Zil konform ass mat deem, datt d'EU bis 2050 CO2-neutral ass. D'Reduktiounsziler fir Camione bis 2030 missten iwwerdeems verschäerft ginn.

Déi nei Reegele misste sou séier ewéi méiglech virleien, fuerderen déi véier Länner.

D'Kommissioun hat d'Propos fir déi iwwerschafften Direktiv d'éischt fir Enn November zejoert virgesinn. Elo soll de Vizepresident Frans Timmermans se Mëtt Februar presentéieren.

Méi zum Thema

Danièle Weber
EU-Klimapak “FIT FOR 55”

D'Deeg vum Verbrenner-Moteur si gezielt. Dat ass eng Interpretatioun vum Accord vun den Ëmweltminister:innen. Wat genee gouf decidéiert? Explikatioune vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.

Dieselautoe sti wéinst héijen Ofgasen an der Kritik
EU-Klimapak

Fir Lëtzebuerg wier et am beschten, et wier nach virun 2035 Schluss mam Verbrennungsmotor, seet d'Ëmweltministesch Joëlle Welfring um Bord vun der Reunioun vun den EU-Ëmweltministeren. An Däitschland ass d'Regierung gespléckt an där Fro.

Europaparlament
KLIMA-KRIMI AM EUROPAPARLAMENT

Vun 2035 u sollen an der EU keng Autoe méi verkaf ginn, déi mat Diesel oder Bensinn fueren. Dofir huet sech gëscht eng Majoritéit am EU-Parlament ausgeschwat. Iwwer d'Reform vum Emissiounshandel gouf ee sech net eens.

Autoen
KLIMASCHUTZ

Geet et der Europäescher Kommissioun no dierfe vun 2035 un keng Diesel- oder Bensinnsautoe méi an der EU verkaaft ginn. D'Majoritéit vun der Ëmweltkommissioun am Europaparlament stellt sech dohannert. D'Meenunge goungen awer zimmlech auserneen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen