Rehabilitatiounszenter Lettland: Wou ukrainesch Krichsaffer russesch schwätzen

Patienten, déi eng Reha maachen, hu meeschtens e schwéiert Accident oder eng schlëmm Krankheet hannert sech. Opmannst mol hei am Land. Leit, déi duerch eng Bommen- oder Minnenexplosioun blesséiert goufe fënnt een a Rehazentere bei eis an der Géigend éischter seelen.

Rick Mertens / ll

Plage vu Jurmala

Op der Plage vu Jurmala muss een iwwert ee Bierg Schnéi klammen, éier een d'Féiss an dat äiskaalt Mierwaasser kann zappen. De Wanter ass nach däitlech ze spieren an der Géigend vun der lettescher Haaptstad Riga. Dofir kënnt am Moment wuel keen op d'Iddi hei schwammen ze goen.

Rehazenter fir ukrainesch Krichsaffer

Jurmala ass awer och an der kaler Joreszäit eng ideal Plaz fir sech auszerouen. Déi laanggezunne Plage, an de Nolebesch just niewendrun lueden op een Trëppeltour an. An dësem friddlechen Ëmfeld erhuele sech am Moment 30 Ukrainer vun de Konsequenze vum Krich an hirem Land.

Duerch Minnenexplosioune wieren hir Nerven a Bluttgefäässer dacks verletzt. Si hätten dacks ganz komplizéiert Bréch. Vill hätte Blessuren un der Wirbelsail, an et wieren dacks vill verschidde Verletzunge beieneen, erkläert d'Inese Švarcā. Si ass medezinesch Direktesch vum Nationale lettesche Rehabilitatiounszenter - just 10 Minutte vun der Plage ewech.

Hiren Zenter hëlt schonn zanter 2015 blesséiert ukrainesch Zaldoten op. Si schaffe mam ukrainesche Gesondheetsministère zesummen. De Ministère mécht eng éischt Auswiel vun de Patienten a si géifen dono déi Patienten ophuelen déi am meeschten Hëllef brauchen.

Ënnert deene Patienten ass am Moment den 31 Joer alen Ivan Lipynski. Seng Äerm a Been si vun Narbe gezeechent. An der Ukrain wieren am Moment vill Jongen an enger änlecher Situatioun, mee si kéinten awer net déi selwecht Ënnerstëtzung kréien. Hie géif et als Chance ugesinn, fir a Lettland am Rehabilitatiounszenter kënnen ze sinn.

Leschte Summer hätt sech de jonken Ukrainer un der Front schwéier blesséiert. Hie gouf virun engem hallwe Joer a Lettland transferéiert, wou hien dunn als éischt an engem Spidol behandelt gouf, éier hien an de Rehazenter iwwerwise gouf.

"Ech hu meng éischt Schrëtt erëm am Januar gemaach."

Fir hie war dat immens opreegend, well e virdrun iwwer een halleft Joer laang just am Bett louch an net vill Training konnt maachen.

Kommunikatioun op russesch

Mëttlerweil kann den Ivan souguer schonn erëm Pingpong spillen fir sech a Form ze bréngen. Dat mécht hien hei am Rehazenter net just mat aneren ukrainesche Patienten, mee och mat Letten, déi sech vu schwéiere Blessuren erhuelen. D'Ukrainer kommen nämlech zu Jurmala bei déi Patienten dobäi, déi souwisou schonn do sinn.

D'medezinesch Direktesch erkläert, datt si ugefaangen hunn nach méi haart ze schaffen. Et misst ganz effikass geschafft ginn, datt d'Better net laang eidel bleiwen - quasi wéi an enger Fabrick.

Dat funktionéiert nëmmen, wann och d'Kommunikatioun tëscht de letteschen Dokteren an den ukrainesche Patiente klappt - an déi leeft gréisstendeels, op russesch. Vill Letten kënnen nämlech russesch a ronn ee Véierel vun der lettescher Populatioun huet souguer russesch als Mammesprooch.

D'Inese Svarca betount, dat géif d'Kommunikatioun mat den ukrainesche Patiente méi einfach maachen. Virun allem déi jonk Zaldoten déi blesséiert goufen, wéilten dacks kee Russesch schwätzen. Si erzielt, datt si viru Kuerzem nach sou ee Fall mat engem 19 Joer ale Patient gehat hätten.

D'Chefdoktesch verséchert awer, datt dacks d'Patienten no e puer Wochen dann awer ufänke géifen op russesch mat den Dokteren ze schwätzen. Si géifen hir Zäit brauchen, éier se bereet sinn d'Sprooch vum Aggresseur ze gebrauchen.

Och den Ivan seet, hie géif léiwer Englesch schwätzen. Trotzdeem motivéiert hien sech dozou fir awer op russesch mat den Dokteren ze kommunizéieren.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

De Grand-Duc a Lettland SIP Jean-Christophe Verhaegen
Offiziell Staatsvisitt

De Grand-Duc ass am Moment op offizieller Staatsvisitt a Lettland. Firwat reest de Grand-Duc grad elo a Lettland, ee Land, wat eng direkt Grenz mat Russland huet. Dës an aner Froe beäntwert de Rick Mertens.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen