Affär Moulin Dieschbourg Lëscht vu Valorlux ass awer un Ëmweltverwaltung gaangen
D'Ëmweltverwaltung krut awer eng Lëscht vun der Valorlux, op där Betriber stinn, déi net konform mam Offallgesetz sinn. Och Moulins Dieschbourg stinn do drop. Déi Lëscht wier allerdéngs net iwwer den übleche Wee un d'Ëmweltverwaltung matgedeelt ginn, mee an der Annexe vun engem Bréif. Eng Informatioun, déi der Ëmweltverwaltung dunn entgaangen ass.
D'Ministesch Carole Dieschbourg war rosen, well se op der éischter Pressekonferenz behaapt hat, et géif keng Lëscht vun der Valorlux virleien. Si géif vun der Verwaltung erwaarden, datt si hirer Responsabilitéit nokënnt, sot si gëschter virun der Press.
"Ech kann Iech soen ech war rosen, well ech si gëschter virun Iech getrueden. Ech hunn Iech eng Lëscht gewisen, an als Minister wëllt een ëmmer deen allerbeschte Kenntnisstand weisen. Ech si natierlech rosen, wann an der Chamberskommissioun eng Fro opkënnt, an da recherchéiert een, an da kënnt awer eraus, datt et awer eng Lëscht gëtt, déi net opgefall ass. Ech kann Iech soen, datt mer dat alles richteg wäerten opschaffen, an datt do och déi eng oder aner Konsequenz wäert kommen."
Och dem Direkter vun der Ëmweltverwaltung Robert Schmit war et éischter penibel, datt seng Verwaltung déi wichteg Informatioun net geliwwert hat:
"Déi Lëscht war effektiv an engem Pak, deen u sech net geduecht war fir eis eng Kommunikatioun ze maachen, mee dee geduecht war, fir Äntwerten ze ginn op ee Rapport, deen ass och bei eng aner Persoun komm, déi dat normalerweis verschafft, an ech mengen et ass effektiv an deem Sënn bedauerlech an ech wëll mech och formell bei der Ministesch dofir entschëllegen, datt dat esou gaangen ass."
D'Carole Dieschbourg kann net verstoen, datt eng Lëscht op dee Wee erakënnt, an net wéi virgesinn an engem Courrier. "Firwat weess d'Oppositioun doriwwer besser Bescheed wéi déi zoustänneg Ministesch? Dat ass dann och nach eng Fro, déi sech stellt."
Fir d'éischt géif déi ganz Prozedur nach eng Kéier tëscht der Verwaltung an der Valorlux ënner d'Lupp geholl ginn. Eventuell sollen an d'Zukunft d'Prozeduren, déi nach artisanal schéngen ze sinn, méi formell standardiséiert ginn.