arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lescht Sendung fir Klubrádió?

Ungarn

|
reading time

3 min

Lescht Sendung fir Klubrádió?

E Sonndeg wäert deen éischten ungareschen Independant-Radio viraussiichtlech fir d'lescht op Sendung goen. Déi ungaresch Medien-Autoritéit hat decidéiert d'Lizenz net méi ze verlängeren. Eng Decisioun, déi ee lokaalt Geriicht elo confirméiert huet. Den András Arató, Manager vum Sender, ass enttäuscht.

reading time

3 min

An der Nuecht vun e Sonndeg op e Méindeg gëtt d'UKW-Frequenz vu Klubrádió ausgemaach. Zanter 1999 war Klubradio op Antenn an huet zanterhier eng beweegte Geschicht hanner sech bruecht mat ëmmer erëm politeschen Interferenzen.

Rezent gouf de Sender als lescht Bastioun vun der Oppositioun an der ungarescher Mediewelt gesinn. Eppes, wat ëm elo méiglecherweis zum Verhängnis ginn ass. Dës Woch huet ee lokaalt Geriicht zu Budapest festgehal: et ass richteg dem Klubrádió seng Lizenz ze entzéien, sou wéi d'Medienautoritéit dat decidéiert hat.

Klubrádió ass kampfbereet

De Manager vum Radio, András Arató ass rosen. Hien ass der Meenung dat Urteel géif villes iwwer Ungarn a säi Justizsystem aussoen, dat sot hien dem Radio 24, Member vum Reseau Euranet Plus.

"D'Urteel seet, de Riichter seet, datt si keng Méiglechkeet haten, fir d'Decisioun vun der Medienautoritéit ze iwwerpréiwen. Mee d'Geriicht war an der Lag fir iwwer d'Decisioun ze jugéieren an ze weisen, datt se weder moralesch, nach legal Bedingungen erfëllt. Mee dat ass net geschitt."

Den András Arató bedauert och datt déi Responsabel vum Radio net d'Méiglechkeet krute fir hire Standpunkt ze erklären an ze verdeedegen. De Grond fir d'Decisioun vun der Medienopsiicht ass nämlech offiziell deen, datt de Sender seng Iwwersiicht, wéi eng ungaresch Musek gespillt gouf, ze spéit erageschéckt huet. Aner Senderen ass wéinst änleche Virfäll näischt geschitt, heescht et.

Entspriechend kampfbereet ass ee beim Sender. Et wëllt ee bis virun d'Iewescht Geriicht zéien - ier een dann den europäesche Geriichtshaff urifft. Well d'Konsequenze vum Urteel vun elo di wéi.

"Natierlech ass déi éischt Konsequenz, datt mir e Sonndeg ëm Mëtternuecht mussen ofschalten. Mee mir wäerten beim Ieweschte Geriicht an Appell goen, natierlech. Ech well net spekuléieren, mee ech maache mer och keng Illusiounen. Mee wa mer do net weider kommen, da gi mir op Lëtzebuerg, bei den europäesche Geriichtshaff, well dat hei ass eng konkret a symbolesch Affär."

Politesch Implikatiounen

Klubrádió wier deen eenzege Sender, deen net vun der Regierung ënner dem Premier Viktor Orbán beaflosst wier, sot de President vum ungaresche Journalisteverband dës Woch op der ARD. Europawäit gëtt et wéinst Klubrádió Kritik un den ungareschen Autoritéiten.

Reporter ouni Grenzen schreift d'Strof géint de Sender wier net proportionéiert an ënner dem Afloss vum Viktor Orbán geholl ginn. Et misst gekläert ginn, wéi onofhängeg déi ungaresch Medienautoritéit wier.

Änlech huet sech de Spriecher vun der EU-Kommissioun Christian Wiegand e Mëttwoch geäussert . De Fall Klubrádió hätt der Kommissioun hir Suergen ëm de Pluralismus an d'Fräiheet vun de Medien nëmme verstäerkt.

"Mir sinn am Kontakt mat den ungareschen Autoritéite fir dofir ze suergen, datt Klubrádió legal ka weider fonctionéieren. Mir préiwen och, wéi dës Decisioune mam EU-Recht kompatibel sinn an op EU-Reegele respektéiert goufen. A mir wäerten net zécke fir anzegräifen, wann méiglech an néideg."

An der ungarescher Zeitung Nepszava ass een awer skeptesch. Do war gëschter dat hei ze liesen:

"Wann hanner Klubrádió een däitsche Proprietär mat Zougang zur Ursula von der Leyen géif stoen, da géif e warscheinlech net zougoen. Mee sou, wou et jo just ëm ungaresch Proprietären an Nolauschterer geet, wäert warscheinlech dat geschéie wat soss och geschitt, nämlech näischt."