Gemengewahlen 2017 "Lénksparteie ginn net gestäerkt aus dëse Wahlen eraus"

Et gouf e "Ruck an de konservativen Eck" bei dëse Gemengewahlen, seet den LSAP-Parteipresident Claude Haagen. Den CSV-Parteipresident Marc Spautz zitt e positive Bilan, wann och mat vereenzelte "Wermutstropfen." D'DP bleift stabel, stellt DP-Parteipresidentin Corinne Cahen fest. Och fir déi gréng ass den Trend positiv, esou d'Parteipresidentin vun déi gréng Françoise Folmer.

Mick Entringer, Tessy Steffen Koenig & Jean-Claude Franck

Table Ronde Corinne Cahen, Françoise Folmer, Marc Spautz & Claude Haagen
v.l.n.r. Corinne Cahen (DP), Claude Haagen (LSAP), Françoise Folmer (déi gréng) a Marc Spautz (CSV)

D'LSAP ass dee grousse Verléierer vun dëse Gemengewahlen, seet de Claude Haagen, Parteipresident vun de Sozialisten. "Et war e batteren Dag, trotzdeem soll een dat Resultat net dramatiséieren." Et misst een elo kucken, wéi een um kommunale Plang géing wieder agéieren.

Net ideologesch bedéngt

"Eng ideologesch Ausriichtung ass et net. A verschiddene Gemengen, wéi zum Beispill zu Esch oder an der Stad hu mir e Ruck an de konservativen Eck." D'LSAP géing feststellen, datt si elo d'Nummer zwee gi wier. "Et ass e battert Resultat, dat mir eis anescht erwaart hätten. Mä mir kloen op héchstem Niveau."

D'LSAP mécht sech awer Suergen, datt si net méi no genuch beim Bierger ass, esou de Claude Haagen. "Mir constatéieren, datt d'Lénksparteien am Allgemengen net gestäerkt aus dëse Wahlen erausginn.

Grouss Ënnerstëtzung vum Wieler

D'CSV dogéint ass frou, datt si nom Wahlsonndeg fënnef absolut Majoritéiten am Land ka verzeechnen, esou de Marc Spautz. Dat wier et esou nach ni ginn. Datt d'CSV elo gestäerkt aus de Gemengewahle geet, heescht awer nach laang net, datt domat och d'Chamberwahle gewonne sinn, esou de Marc Spautz.

Den CSV-Parteipresident zitt d'Konklusioun, datt seng Partei eng grouss Ënnerstëtzung vum Wieler kritt hätt an dat wier "fantastesch". Grad zu Esch hätt d'CSV staark u Stëmme gewonnen. "Mir waren nach ni déi stäerkste Partei zu Esch."
Opfalend wier och, datt d'CSV virun allem an de soss staark sozialistesche Südgemengen "massiv bäigewonnen huet". D'Analys iwwer deen Trend misst d'LSAP awer selwer maachen.
Et géing awer e kloren Ënnerscheed tëscht de Gemengen- a Chamberwahle ginn. Esou wéi et och en Ënnerscheed tëscht de Chamber- an Europawahle gëtt, esou den CSV-Parteipresident. "Et ass net richteg, dat ze vermëschen."

"Effet Claude Meisch"

D'Parteipresidentin vun der DP, Corinne Cahen zitt e positive Bilan vun de Gemengewahlen. "Mir mierken, datt mir am Rescht vum Land extrem stabel bliwwe sinn." Och hätt ee mat Munneref a Bartreng zwee gutt Resultater kënne maachen. Hei huet déi demokratesch Partei zwou absolut Majoritéite kritt.
Iwwer d'Resultat an der Stad mécht sech d'Corinne Cahen keng Suergen. "Mir woussten, datt deen zéngte Sëtz e Reschtsëtz war an hunn ëmmer nach deck fënnef Prozent méi, wéi déi zweet stäerkste Partei."

Zu Déifferdeng dogéint huet d'DP fënnef Sëtz verluer. "D'DP war zu Déifferdeng nach ni déi stäerkste Partei." Et wier den Effet Claude Meisch gewiescht, deen d'DP bei de leschte Wahlen esou staark gemaach hätt. "Et ass net fir de Courage ze verléieren."

"Insgesamt ganz zefridden"

Déi gréng freeë sech virun allem iwwer dat gutt Resultat zu Déifferdeng. Mam Roberto Traversini hätt een e "formidabele" Buergermeeschter, esou d'Françoise Folmer. De Bilan am Land wier awer duerchwuess.
Am Allgemenge kéinte sech déi gréng awer iwwer d'Resultater freeën, esou hir Parteipresidentin. "Insgesamt si mir ganz zefridde mam Resultat."

D'Françoise Folmer ass net der Meenung, datt ee vun de Gemengewahle Schlëss iwwer déi Nationalwahle kéint zéien. "Den Trend ass fir eis awer positiv." Normalerweis géing een als Partei an der Regierung op kommunalem Plang éischter geschwächt ginn. Bei dëse Gemengewahle wier dat awer net de Fall, esou d'Françoise Folmer.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

feiereisen.jpg
Gemengewahlen

Zu Schëffleng waren zwee Bridder Spëtzekandidaten: De Pierrot (CSV) an de Carlo Feiereisen (LSAP). Well de Carlo Feiereisen déi meeschte Stëmme krut, muss säi Brudder op säi Mandat verzichten.

Claude Haagen
Gemengewahlen

Et wier en "nationalen Trend", datt d'CSV vill Lëschtestëmme géif kréien, seet den LSAP-Parteipresident Claude Haagen. D'LSAP huet just nach an dräi Gemengen eng absolut Majoritéit.

Marianne Brosius-Kolber a Roland Schreiner
Gemengewahlen

D'Buergermeeschtesch vu Fëschbech geet dëst Joer net méi mat an d'Wahlen. Dat gëllt och fir de Schëfflenger Buergermeeschter. Béid nennen ënnerschiddlech Grënn. Zum Beispill méi Zäit fir d'Famill.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen