Verkéier Méi Leit solle vun doheem aus schaffen

Dem Etienne Schneider no mécht et kee Sënn méi, fir weider massiv a Stroossen an a Schinnen z'investéieren. Fir de Verkéiersproblem séier an ouni Chantieren ze reduzéieren, wier déi einfachst Léisung, datt méi Beschäftegter vun doheem aus schaffen.

Serge Kesseler / cbi

Etienne Schneider
Etienne Schneider: Beschäftegter solle méi vun doheem aus schaffen.

"Wa Jiddereen an der Moyenne een Dag an der Woch vun doheem aus géing schaffen, da géif de Verkéier op ee Coup ëm 20 Prozent reduzéiert ginn, ouni e Frang an d'Stroosse mussen z'investéieren".

Esou huet de Wirtschaftsminister Etienne Schneider haut am 100,7-Interview säi Virstouss erkläert, fir een neie Steiermodell fir Grenzgänger auszeschaffen, déi zum Deel Telé-Travail géinge maachen. D'Fro vun der Besteierung wéilt de Minister "offensiv" mat den dräi Nopeschstaate verhandelen.

Fro vun der Besteierung

Een Transfert vu Recetten aus der Akommessteier géif Lëtzebuerg zwar och Sue kaschten, allerdéngs misst manner an Infrastrukturen investéiert ginn, esou den Etienne Schneider. Dëst wier allerdéngs net méi an dëser Legislaturperiod ëmzesetzen. Déi nächst Regierung misst hei eng Léisung fannen.

Am Saarland hat den Etienne Schneider dës Woch säi Steiermodell lancéiert, deen d'Stroossen entlaaschte soll. D'Grenzgänger solle weiderhi komplett hei am Land besteiert ginn. D'Recettë géif Lëtzebuerg mat den Nopeschstaaten deelen.

Eng "ökologesch" Propos

Duerch dem Etienne Schneider seng Propos misst een net méi "honnerte Milliounen, fir net ze soe Milliarden" an d'ëffentlech Verkéiersmëttel an de Stroossebau investéieren. D'Propos hätt och eng ökologesch Komponent. Manner Autoe géingen och manner Ofgase bedeiten.

De Wirtschaftsminister ass sech bewosst, datt säi Modell, datt méi Grenzgänger vun doheem aus schaffen, net an all Secteur d'selwecht gutt wäert funktionéieren. Trotzdem misst d'Iddi senger Meenung no onbedéngt developpéiert ginn.


Den Interview vum Serge Kesseler mam Etienne Schneider:

Lauschteren

Méi zum Thema

François Bausch
Wuesstem

Lëtzebuerg geet am Verkéierschaos ënner. Fir d'Period 2023-2033 annoncéiert de François Bausch eng nei Mobilitéitsstrategie: De MODU 2.0. D'Land bräicht en anere Wuesstemsmodell.

Geplangten Autobunn-Maut
Geplangten däitsch Autobunn-Maut

Déi geplangten däitsch Autobunn-Maut kéint en Impakt op d'Tréierer Wirtschaft an de Verkéier tëscht Lëtzebuerg an Tréier hunn, esou eng rezent Etude vun engem Geologie-Student op der Universitéit zu Tréier.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen