Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LCGB fuerdert Beschäftegungsgarantie

Sozialkonflikt bei Saint Paul Luxembourg

LCGB fuerdert Beschäftegungsgarantie

D'Verhandlunge fir den ugekënnegte Sozialplang beim Grupp Saint-Paul Luxembourg ginn de Mëtteg an déi drëtte Ronn. Nach wier iwwer eng Woch Zäit fir ze verhandelen, esou d'LCGB-Gewerkschaftssekretärin Céline Conter.

auto_stories

1 min

D'Direktioun vum Mediegrupp hat d'Personal de virleschten Donneschdeg informéiert, datt 80 vun den 330 Mataarbechter hir Plaz solle verléieren. Vun de Pläng vun der Direktioun wieren eigentlech all Servicer betraff, esou d'Céline Conter. An de Redaktiounen an de Services annexes alleng wiere 40 Leit Personal concernéiert.

Mam geplangte Plazenofbau ass den LCGB net averstanen a verlaangt, datt d'Beschäftegungsgarantie - wéi se am aktuelle Kollektivvertrag virgesinn ass - respektéiert gëtt.

Lauschtert den Interview mat der Céline Conterplay_arrow

Dowéinst wëllt den LCGB dem Äerzbistum e Bréif schécken, mat der Fuerderung no enger substantieller finanzieller Bedeelegung, esou d'Céline Conter vum LCGB.

D'Behaaptung vun der Direktioun vum Grupp Saint-Paul, datt de geplangte weidere Sozialplang näischt mat der Iwwernam duerch den neie belschen Aktionär Mediahuis ze dinn hätt, wier "offenkundeg falsch", stellt d'Gewerkschaft fest. Well verschidde Servicer sollen ausgelagert ginn, kéinten d'Pläng net exklusiv op d'Corona-Pandemie zréckzeféieren sinn, betount d'Céline Conter.