arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Large-Scale-Testing: Bis elo 12 positiv Tester

Coronavirus

|
reading time

1 min

Large-Scale-Testing: Bis elo 12 positiv Tester

Bei der Campagne vun Tester am grousse Stil (Large-Scale-Testing) wiere bis elo 12 Leit positiv op den neie Coronavirus getest ginn. Dës Zuel gouf de Donneschdeg de Moien op enger Pressekonferenz vu Research Luxembourg genannt.

reading time

1 min

Beim sougenannte Large-Scale-Testing" sollen nei Infektiounskette séier erkannt an zerbrach gi fir eng zweet Well ze vermeiden.

Déi aktuell Campagne leeft nach bis de 27. Juli, a si kascht maximal 32 Milliounen Euro, esou de Prof. Dr. Ulf Nehrbass. De Moment géife 7.000 bis 8.000 Tester pro Dag gemaach ginn: d'Capacitéit vu bis zu 20.000 Tester den Dag wier zanter enger Woch erreecht. All Woch géifen elo 150.000 Leit invitéiert gi fir sech testen ze loossen.

Rendez-vouse fir déi fräiwëlleg PCR-Tester sollen an Zukunft och iwwer eng Hotline an net just iwwer guichet.lu kënne gebucht ginn.