Sträit ëm Ersatzgehalt fir Independanten Kritik vum Dan Kersch: Den UEL-President "huet zwou Kapen op"

Den Aarbechtsminister äussert op en Neits Kritik um President vum Patronatsverband UEL. De Michel Reckinger hätt "zwou Kapen op", esou den Dan Kersch, an d'Patronat misst sech froen "ob dat ubruecht ass".

Rick Mertens / cz

Dan Kersch
Foto: Archiv

De Michel Reckinger ass nieft sengem Posten als President vun der Unioun vun den Entreprisen, och President vun der Handwierkerfederatioun. Dem Aarbechtsminister no, huet dat bei de rezenten Diskussiounen iwwer een Ersatzgehalt fir Independante fir Confusioun gesuergt. An deene Verhandlungen hätt de Michel Reckinger a senger Funktioun als Handwierkervertrieder Aussoe gemaach, déi en du spéider als UEL-President revidéiert hätt, esou den Dan Kersch am 100,7-Interview.

Den Aarbechtsminister betount d'Regierung bräicht "verlässlech Partner" op déi se sech an Diskussioune kéint verloossen. D'UEL misst sech dofir d'Fro stellen, ob déi "duebel Fonktioun" vun hirem President "ubruecht ass".

Den Dan Kersch verschäerft domat seng Kritik um President vum Patronatsverband. En Dënschdeg hat den Aarbechtsminister RTL gesot, de Michel Reckinger wier "net frou mat de Sozialisten, net frou mat de Staatsbeamten, an net frou mat de Mindestlounbezéier."

Op d'Fro ob hien nom Sträit vun de lescht Deeg bereet wär e Schrëtt op d'Patronat duerzegoen, äntwert den Dan Kersch de Sozialdialog wier "kee Wonschconcert": D'Patronat misst "zur Kenntnis huelen, datt d'Regierung aus 3 Parteie besteet, wou d'LSAP den Aarbechtsminister stellt".

Hie géif net verlaangen, datt ee frou mat him ass, esou den Dan Kersch, mee all d'Sozialpartner missten an hirer Positioun "verantwortungsvoll fir hir Interêten antrieden".

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Suen Pensioun Rechnen
Wirtschaft

Dem Mëttelstandsminister seng Annonce vun Adaptatioune vu Betribshëllefen géifen d'Situatioun vum Independant verbesseren, esou de President vun der UEL a vun der Handwierkerkamer, de Michel Reckinger.

Michel Reckinger
Diskussiounen ëm en Ersaztgehalt

An den Diskussioune ronderëm en Ersatzgehalt fir Independanten ass weider keng Léisung a Siicht. Den UEL-President Michel Reckinger lueft awer déi geplangten Hëllefe vum Mëttelstandsminister Lex Delles.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen