Sport Kritik un der Coque

De Sportminister Romain Schneider wäert sech no der Ouschtervakanz mat deene Sports-Federatiounen zesummesetzen, déi an der Lescht Kritik un der Coque geäussert haten. Am däitlechsten hat d'Dëschtennis-Federatioun dat gemaach, wéi hire President um leschte COSL-Kongress d'Héicht vun eenzelen Tariffer, déi verrechent goufen oder och déi wéineg transparent Facturatioun vun der Coque kritiséiert hat.

Maurice Molitor / cbi

Coque
Foto: Coque.

Et geet am Fong prinzipiell ëm d'Fro, wat d'Coque de Federatiounen als Etablissement public offréiere muss, als Géigeleeschtung fir d'Dotatioun, déi se vum Staat kritt, an déi eben zu engem Deel d'Prestatioune fir déi national Sportverbänn finanzéiere soll. No senger Entrevue mat de Federatioune wëllt de Sportminister Romain Schneider dann an enger zweeter Etapp och mat der Coque schwätzen.

Keng Alternativen

Op der Rechnung, déi d'Dëschtennis-Federatioun no der Equippen-Europameeschterschaft vun der Coque geschéckt krut, hätt just e globale Montant gestanen - a keen Detail vun de Servicer, déi geleescht goufen. Weider huet den FLTT-President Camille Gonderinger um COSL-Kongress kritiséiert, datt d'Coque verschidde Servicer als Organisateur octroyéiert huet, déi si selwer ubidden. Fir déi misst een da bezuelen. Et kéint een net no Alternative sichen.

Méi bëlleg Alternativen, natierlech - op deenen d'Coque sech och keng Marge huele kann. Virun allem am Catering-Beräich.

Dialog gesicht

No der Ouschtervakanz wëllt de Sportminister Romain Schneider déi onzefriddene Federatiounen invitéieren, fir sech mat der Dëschtennis-Federatioun un en Dësch ze setzen. An enger zweeter Ronn géif ee sech da mat de Responsabele vun der Coque zesummesetzen, fir och do Léisungen ze fannen.

Prinzipiell ass de Sportminister der Meenung, datt finanziell Froen ëmmer sollten am Virfeld vun den Evenementer gekläert ginn. Iwwer e Budget, wou vu vir era kloer ass, wie wéi eng Käschten iwwerhëlt. An et ass fir de Romain Schneider och keng Fro, datt bei esou internationale Manifestatiounen de Staat och ëmmer bereet wier anzesprangen a bäizeleeën.

D'Coque hirersäits ënnersträicht, datt si u gudde Relatioune mat de Federatiounen interesséiert ass. Et wéilt een zesummen déi eenzel Evenementer méiglechst professionell op d'Bee stellen, seet de Christian Jung, deen den 1. Oktober d'Successioun vum Gilbert Neuman als Generaldirekter vum nationale Sport- a Kulturzenter iwwerhëlt.

Méi zum Thema

Marc Mathekowitsch
Spëtzesport

Déi nei Offer fir Spëtzesportler soll am Laf vum nächste Joer prett sinn. Dat huet de Marc Mathekowitsch, den neie President vum nationale Sport- a Kulturzenter, confirméiert.

André Hoffmann
Budget

Den COSL vermësst am Staatsbudget e Gesamtkonzept fir de Sport zu Lëtzebuerg. Dem André Hoffmann no dierft sech d'Entwécklung vum Sport net op Budgetsposte vum Sportsministère reduzéieren.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen