Ressourcëschounende Wirtschaftsmodell Kreeslafwirtschaft: Nohaltegkeetsrot wëllt méi Detailer

D'Regierung misst kloerstellen, wéi d'Entwécklung vun enger Kreeslafwirtschaft hei am Land soll geléngen, seet de Romain Poulles.

Rick Mertens (Interview) / Claude Biver (Web)

Romain Poulles
De Romain Poulles ass President vum Nohaltegkeetsrot. Foto: archiduc.lu

De President vum Nohaltegkeetsrot begréisst, datt viru Kuerzem Prinzippie fir e ressourcëschounende Wirtschaftssystem festgehale goufen. Fir de Romain Poulles ass et nach net kloer, wou d'Moyene fir d'Ëmsetzung vun dësem ressourcëschounende Wirtschaftsmodell sollen hierkommen.

D'Regierung misst dofir an den nächste Wochen a Méint Äntwerte liwweren. De President vum Nohaltegkeetsrot fuerdert, datt d'Regierung fir Kloerheet suergt, wéi déi Strategie ëmgesat soll ginn.

Den Nohaltegkeetsrot wéilt sech an d'Diskussioun abréngen, wéi d'Ëmstellung vun der Wirtschaft kéint geléngen. "Mir hunn och do eng Rei Iddien, a wäerten der Regierung och eisen Input zu dem Theema ginn", esou de Romain Poulles.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Hoai Thu Nguyen Doan
Economie circulaire

D'Welt géif sech net änneren, och wa Lëtzebuerg ganz op Kreeslafwirtschaft géif setzen. Mee Lëtzebuerg kéint ee weltwäite Laboratoire ginn, seet d'Ekonomistin Hoai Thu Nguyen Doan.

Better Future Factory
Hollännesch Staatsvisitt

Bei der Staatsvisitt vum hollännesche Kinnek ass och eng Wirtschaftsdelegatioun dobäi, déi sech op d'Kreeslafwirtschaft spezialiséiert huet. Holland wëll nämlech seng ganz Ekonomie dorop ëmstellen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen