Europäesch Unioun Kreatioun vun europäeschem Parquet mat Sëtz zu Lëtzebuerg

D'EU kritt een europäesche Parquet. Dëse Parquet soll Verstéiss traitéieren, déi Auswierkungen op den EU-Budget kéinten hunn. D'Decisioun fir dëse Parquet hunn um Kierchbierg 20 vun den 28 EU-Staaten geholl. De Siège vum neien europäesche Parquet kënnt op Lëtzebuerg.

Chris Zeien / nw

BAYROU-BRAZ.jpg
De franséische Jusitzminister François Bayrou an de Felix Braz (Foto: European Union)

Ronn 50 Milliarden Euro Steier-Gelder pro Joer géifen den EU-Staaten duerch Steierbedruch verluer goen, sou d'EU-Justizkommissärin Vera Jourova am Gespréich mat der DPA. De Moment géife vill Steiergelder iwwer sougenannt "Karusselgeschäfter" hannerzu ginn. Dorënner versteet een déi grenziwwerschreidend Fraude mat der TVA. Dobäi rechnen Entreprisen d'TVA op de Präis vu Wueren drop, leeden dës Suen awer schlussendlech net un de Fiskus virun. Dat hätt der EU-Justizkommissärin no Auswierkungen op den EU-Budget, well Memberstaaten en Deel vun der TVA u Bréissel weider leede géifen.

Dezentral Funktioun

Genee do soll de geplangten EU-Parquet an d'Spill kommen. Dës Institutioun soll dezentral fonctionnéieren. All Staat soll delegéiert Procureuren hunn, déi de jeeweilegen nationale System kennen an dora schaffe kënnen, sou d'Vera Jourova. Et wier gutt an och néideg, datt elo sou eng Institutioun géif geschaf ginn, esou den däitsche Justizminister Heiko Maas. Wann de Conseil an d'Parlament dem zoustëmme géifen an et dann eng Direktiv géif ginn, datt en europäesche Parquet Strofdoten zum finanziellen Nodeel vun der Europäescher Unioun bekämpfe géif, da wier dat ganz wichteg. Et géif d'Zesummenaarbecht an d'Opklärungsquot verbesseren an et wier och ee kloert Signal géint e Mëssbrauch vun EU-Suen.

Datt vun den 28 EU-Staate der nëmmen 20 beim europäesche Parquet matmaachen, gesäit d'EU-Justizkommissärin Vera Jurova net als ee Problem. Si kéint sech virstellen, datt an den nächste Jore weider EU-Memberstaate kéinten dobäi kommen. Holland, Schweden, Malta, Ungarn a Polen maache beim geplangten EU-Parquet net mat. Groussbritannien, Irland an Dänemark maache Gebrauch vun hirem automateschen "Opt-Out", wat EU-Jusitzinitiativen ugeet. Een EU-Staat, deen och an Zukunft EU-Gelder wéilt ausbezuelt kréien, misst sech der Initiative vum EU-Parquet uschléissen, sou d'Pläng vun der EU-Justizommissärin.

E grousse Qualitéitsgewënn

De Justizminister Felix Braz sot den radio 100,7, et géif heibäi ëm d'Protektioun vun de finanziellen Interesse vun der Europäescher Unioun goen. D'Strofmoosse kéinte vu Land zu Land variéiere well all Land fräi wier, seng Legislatioun z'applizéieren. Den Haaptinterêt vum Parquet wier, datt besonnesch an Affären, déi iwwert d'Grenzen erausginn, déi Leit kéinte viru Geriicht bruecht ginn. Den europäesche Parquet géif do e grousse Qualitéitsgewënn duerstellen.

Méi zum Thema

Europa Schëld
ASEM-Sommet

Asien an Europa méi no zesummebréngen. Dat ass d'Zil vum Asia-Europe Meeting. Wichteg Theme waren dëst Joer d'Sécherheet a Preparatioune fir de Klimasommet am Dezember zu Paräis.

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen