Däitschland D'Korruptiounsaffär an der CDU zitt Kreesser

De Georg Nüßlein (CSU) an de Nikolas Löbel (CDU) hu Maskegeschäfter arrangéiert. Dofir krute se sechsstelleg Provisiounen, weigere sech awer elo, direkt politesch Konsequenzen doraus ze zéien. Bis um Schluss vun der Legislaturperiod bléiwe si Deputéiert. (Ndlr. Den Nikolas Löbel huet de Méindeg kuerz viru Mëtteg annoncéiert, datt hie säi Bundestagsmandat awer direkt néierleeë wäert.)

Matthias Kirsch / cz

Georg Nüßlein und Nikolas Löbel
Foto: picture alliance

Virun enger gudder Woch ass d'Affär ëm den CSU-Deputéierte Georg Nüßlein ëffentlech ginn. Hien hat, wéi d'Bundesregierung an déi bayresch Regierung um Ufank vun der Pandemie séier Maske gebraucht hunn, de Kontakt zu engem Produzent hiergestallt. Dofir hat den CSU-Mann eng sechsstelleg Provisioun agestach.

Elo ass duerch Recherchë vum däitschen Noriichtemagasinn Der Spiegel bekannt ginn, datt de Georg Nüßlein net deen eenzege Politiker ass, deen esou gehandelt huet. Och säi Fraktiounskolleeg Nikolas Löbel vun der CDU huet sech an der Kris perséinlech beräichert - andeems hie Maskegeschäfter agefädelt huet. De Nikolas Löbel, dee fir e Walbezierk zu Mannheim am Bundestag setzt, krut 250.000 Euro Provisioun dofir - eng Zomm, déi hien Enn der Woch verdeedegt huet, well se "branchenüblech" wier.

Schaarf Kritik vun der CDU-Parteispëtzt

D'Opreegung an der däitscher Politik ass grouss. Datt sech Volleksvertrieder zu enger Zäit, an deenen et ville Leit finanziell schlecht geet an an där Betriber Faillitte ginn an, esou schamlos beräicheren, géif net am Interêt vum Vollek handelen, heescht et vun alle Säiten. Elo wou kloer ass, datt de Georg Nüßlein keen Eenzelfall war, hunn och d'Parteispëtze vun CDU an CSU kloer Positioun bezunn.

Den CDU-Chef Armin Laschet huet de Récktrëtt vu béide Politiker gefuerdert. Si missten d'Parlament direkt verloossen, hiert Mandat néierleeën. Och déi fréier CDU-Cheffin an aktuell Verdeedegungsministerin Annegret Kramp-Karrenbauer sot, et géif an dëser Affär näischt schéinzeriede ginn. An der Kris e Geschäft ze maachen, hätt mat de Grondwäerter vun der Unioun näischt ze dinn, sot iwwerdeems den CSU-Chef Markus Söder.

Déi concernéiert Politiker bleiwen nach dëst Joer an der Fraktioun

Souwuel de Georg Nüßlein wéi och de Nikolas Löbel hunn awer net Wëlles, hir Ämter an der Bundespolitik néierzeleeën. Allen zwee hu se zwar mëttlerweil annoncéiert, se géifen d'Uniounsfraktioun verloossen, fir "kee weidere Schued" op hir Fraktionskollegen ze zéien. Allerdéngs wëlle béid Politiker hir Ämter bis Enn vun der Legislaturperiod weiderféieren.

Dat huet, alt nees, monetär Grënn: Net nëmme ginn déi zwee Deputéiert weider fir hiren Dagesjob bezuelt. Se kréien och nach e weidert Joer fir hir Altersentschiedegung ugerechent.

E Korruptiounsprobleem?

Aus den anere Parteien wiisst elo den Drock op d'Unioun. CDU an CSU hätten e massive Korruptiounsproblem, heescht et vun der Lénkspartei, déi Gréng fuerdere méi schaarf Reegelen, wat d'Nieweverdéngschter vu Parlamentarier ugeet. Mee och vum Regierungspartner SPD kënnt Kritik. Et hätt an de leschte Joren ze vill esou Fäll ginn, fir datt een nach vun Eenzelfäll kéint schwätzen.

Eréischt leschte Summer war bekannt ginn, datt den CDU-Deputéiert Philipp Amthor Lobbyaarbecht fir eng amerikanesch IT-Firma bedriwwen hat, eegenen Aussoen no awer keng Suen dofir krut hätt. Wei spéider erauskoum, war hien awer mat Aktienoptiounen am Wäert vun enger Véierelsmillioun Dollar bezuelt ginn. Fir de Philipp Amthor hat déi Affär keng wierklech Konsequenzen: Hie soll fir d'Bundestagswahl am Hierscht Spëtzekandidat a Mecklemburg-Vorpommern ginn.

An der Mediathéik:

Auslandschronik / / Matthias Kirsch
Lauschteren

Méi zum Thema

Friedrich Merz
Landtags- a Bundestagswal

An Däitschland gëtt am September en neie Bundestag gewielt an d'Ära Merkel geet definitiv op en Enn. Bis dohi bleiwen awer nach sëlleg Froen op. Een Ausbléck vun eisem Korrespondent zu Berlin.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen