Suivi Cannabis-Legaliséierung Konzept fir Cannabis-Legaliséierung bis den Hierscht

Bis den Hierscht soll e Konzept fir d'Legaliséierung vum Cannabis fir rekreativ Zwecker stoen. Een entspriechend Gesetz soll nach an dëser Legislaturperiod a Kraaft trieden. Dat hunn de Gesondheetsminister Etienne Schneider an de Justizminister Felix Braz de Freideg ugekënnegt. D'Ministere waren dës Woch op Visite a Kanada, wou de Cannabis-Konsum, d'Produktioun an de Verkaf zanter Oktober zejoert legal - mee reglementéiert ass.

Françoise Keller / cz

Cannabis Knosp
Foto: Bigstock / cendeced

Déi grouss Zuel u Reglementatioune géif och erklären, firwat a Kanada laang un der Legaliséierung geschafft gouf, esou de Justizminister Felix Braz.

"Dat kënnt eis zu gutt, mir kënnen eis inspiréieren - kënnen et awer net copy pasten. Dofir bleift och nach genuch Aarbecht fir eis hei an der Ëmsetzung ze maachen."

Am Verglach zum kanadesche Modell soll de legalen Zougang zu Cannabis hei am Land zum Beispill viraussiichtlech just fir d'Awunner gëllen. A Kanada gëllen ënner anerem folgend Reegelen: De Konsum vu Cannabis fir Mannerjäreger ass net legal, de Besëtz vu maximal fënnef Gramm ass awer depenaliséiert. Nëmmen Erwuessener vun 18 Joer un, respektiv jee no Provënz vun 19 Joer un, dierfen a Kanada Cannabis besëtzen a konsuméieren, seet de Gesondheetsminister Etienne Schneider.

" 't ass awer esou, datt generell jiddwereen d'Recht huet 30 Gramm Cannabis bei sech ze droen. 't ass och esou, datt een am Kanada bis zu véier Cannabis- Planze ka selwer doheem uplanzen."

Dem Eegenubau hei am Land ass den Etienne Schneider aus Qualitéitsuspréch awer éischter negativ gesënnt.

"Déi Betriber, déi dat do produzéiere sinn high-tech Betriber, mat Laboen, mat Bio-Chimisten, etc. Dat ass net einfach nëmmen een Hobbygäertner, deen elo mengt e kéint domadder e puer Su niewelaanscht verdéngen. Sou geet et mat Sécherheet net."

D'Lizenze fir d'Produktioun vu Cannabis géifen iwwerdeems no ganz strikte Krittäre vergi ginn. Den THC-Gehalt wäert ganz strikt festgeluecht ginn, sou de Wirtschafts- a Gesondheetsminister. A Kanada géif dësen Taux bei ronn fënnef Prozent leien.

Am Verglach: Cannabis, deen hei am Land um Schwaarzmaart verkaf géif ginn, hätt zum Deel THC-Wäerter vu 60 Prozent, sou nach den Etienne Schneider. Och zu Lëtzebuerg wéilt een op de Wee vu Lizenze goen. Op wéi een THC-Wäert ee sech wéilt festleeën, ass awer nach net gewosst. Fir de kriminelle Marché weider ze reduzéieren, géif een iwwerleeën hei am Land d'Strofe fir d'illegal Verkeefer eropzesetzen.

Méi zum Thema

Jean-Claude Schmit.JPG
Gesondheetssecteur

Den Interessi vun den Dokteren fir déi éischt Formatioun iwwer de medezinesche Cannabis war grouss. Déi 150 Plazen, déi d'Direktioun vun der Santé virgesinn hat, ware séier besat.

Cannabis Joint
Projet Pipapo

"D'Cannabiskonsumente sinn aktuell an enger illegaler Situatioun. Et ass positiv, datt de Konsum soll legaliséiert ginn". Dat seet de Carlos Paulos, Direkter vu 4Motion a Responsabele fir de Projet Pipapo.

Een Employé vun Aurora Cannabis inspizéiert en Marihuana-Planz Exklusiv
Koalitiounsverhandlungen

D'Legaliséierung vu Cannabis dierft an de Koalitiounsaccord stoe kommen. Dat ass 100,7-Informatiounen no e Bestanddeel vum Rapport vum Aarbechtsgrupp "Santé". Den Text mat Propose gouf an de leschten Deeg ofgeschloss.

Cannabis mat dräi Jointen
Chamberwahlen 2018

Wéi soll Cannabis an Zukunft reglementéiert ginn? An der Chamber war eng entspriechend Kommissiounssëtzung, déi sech domat befaasst huet. Wat sinn d'Positioune vun de verschiddene Parteien?

Eric Krebs a Mady Juchem
Psychesch Gesondheet

6000 Persounen zu Lëtzebuerg hunn eng Psychos. Fir Betraffener wiere berufflech Perspektive wichteg. Generell misst méi iwwer d'Thema opgekläert ginn. Et géif och eng Relatioun tëscht Cannabiskonsum an der Entwécklung vun enger Psychos.

CBD.JPG
Cannabis

Cannabidiol, ofgekierzt CBD, ass eng Moleküll déi een an der Cannabisplanz fënnt. D'Moleküll ass zu Lëtzebuerg legal. Ëmmer méi Geschäfter verkafen dësen CBD-Cannabis. Wat ass CBD, a wat ass den Ënnerscheed zu THC?

Cannabis Exklusiv
Debat iwwer Cannabis an der Chamber

Bal 7.500 Leit hunn d'Petitioun fir d'Legaliséierung vu Cannabis ënnerschriwwen. Den Donneschdeg ass den ëffentlechen Debat an der Chamber. D'Verbuet géif virun allem mannerjäreger net schützen, seet de Petitionär Joé Schmit.

Cannabis Ueleg
Medezin

An Zukunft ass de Konsum vu Cannabis, dee fir medezinesch an therapeutesch Zwecker genotzt gëtt, zu Lëtzebuerg erlaabt. D'Chamber huet eestëmmeg d'Gesetz ugeholl, mat deem de legale Kader festgeluecht gëtt.

Cannabis
Drogepolitik

Eng Petitioun fuerdert d'Legaliséierung vu Cannabis. A Rekordzäit huet si déi néideg Ënnerschrëfte gesammelt. Mee ass d'Legaliséierung vu Cannabis realistesch? Wat bedeit dat am Kloertext?

Cannabis Medezin Exklusiv
Medezinesche Cannabis

De Collège Médical ass net begeeschtert vum Gesetzesprojet fir d'Legaliséierung vum medezinesche Cannabis zu Lëtzebuerg. De President vum Collège Médical schwätzt vun "immense Restriktiounen".

Cannabis Baueren
Cannabis a Kanada

Kanada wëllt Marihuana an den nächste Joeren legaliséieren. Dat kéint fir Produzente vu medizineschem Cannabis a fir de Staat e lukratiivt Geschäft ginn. Verléiere géif dat organiséiert Verbriechen.

CANNABIS.jpg

Op enger table ronde am Exit 07 (den 3. Februar), organiséiert vum "Cannabis Bündnis", hunn Experten a Politiker sech mat Froen iwwert de Cannabis beschäftegt

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen