Sinn d'Schlusskonklusiounen net kontradiktoresch?
Dach, well wéi dacks op EU-Niveau verschidden Interessien ofgedeckt ginn.
- Satisfaktioun fir Däitschland: All d'Memberlänner sollen all Moyene notze fir d'Weiderreese vu Flüchtlinge bannen der EU ze verhënneren. Nom Prinzip: Éischt Land ass Endstatioun, d'Weiderreese vu Flüchtlinge gëtt ënnerbonnen.
- Satisfaktioun fir Italien: Flüchtlingen, déi iwwer d'Mëttelmier kommen, sollen an Zentre bruecht ginn an da weider verdeelt ginn (un déi Länner, déi sech fräiwëlleg engagéieren). An dësem Fall gëtt d'Weiderreese vu Flüchtlinge bannen der EU encouragéiert.
"Italien ass haut net méi eleng", sot den neien italienesche Regierungschef Conte: Sinn déi aner Memberlänner Italien entgéint komm?
Jo, awer op enger vager Basis a virun allem fräiwëlleger Basis: Wie Flüchtlinge vun Italien oder anere Länner wëllt ophuelen, mécht dat. Wien net wëllt, mécht et net. Et gëtt keng Obligatioun. A keng Sanktiounen, obwuel dat am Gespréich war.
Dat kënnt de Visegrad-Staaten entgéint (Polen, Ungarn, Tschechien, Slovakei), déi sech ëmmer géint obligatoresch Quote fir d'Verdeele vu Flüchtlinge gewiert hunn, a fir "flexibel Solidaritéit" plädéiert hunn.
Lëtzebuerg zielt zu deenen, déi sech fräiwëlleg solidaresch nennen. Wat dat konkret bedeit, huet de Premier Xavier Bettel awer nach net gesot.
Nieft Flüchtlingszenteren op EU-Buedem soll awer och d'Installatioun vu Flüchtlingszenteren an Nordafrika iwwerpréift ginn?
Dat ass e ganz vage Punkt. An et bleift d'Fro, ob dat iwwerhaapt méiglech ass. Den EU-Kommissiounschef Jean-Claude Juncker huet gëschter virun Neokolonialismus gewarnt.
Déi rietspopulistesch Regierung an Éisträich hat dat als éischt Land gefuerdert. Elo ass déi Iddi schwaarz op wäiss op EU-Niveau festgehale ginn. Also och mam Accord vu Lëtzebuerg. Virun annerhallwem Joer gouf et zu där Fro nach eng ëffentlech Divergenz tëscht dem Ausseminister Jean Asselborn an dem Aarbechtsminister Nicolas Schmit.
Mir brauche mëttel- a laangfristeg Léisunge fir d'Migratiounspolitk, hat de Premier Xavier Bettel am Virfeld vum Sommet gesot: Kann ee bei de Konklusiounen op dësem EU-Sommet da vun nohalteg Léisunge schwätzen?
Nee. Bis elo schwätze mir vu punktuelle Formulatiounen, als Äntwert op politesch Problemer (an Däitschland, Italien, de Visegrad-Staaten).
Huele mir d'Flüchtlingszenteren op EU-Buedem. Do ginn et bal keng Detailer. Et ass net gewosst, wou se wéini hikommen.
Oder d'Reform vun der Dublin-Prozedur, dem Prinzip, datt dee Staat fir d'Asylprozedur zoustänneg ass, an deem e Flüchtling als éischt an der EU enregistréiert gouf. Bis Oktober soll e Rapport virgeluecht ginn, méi net. Ech stelle mir haut d'Fro, wéi soll do jee en Accord fonnt ginn? Éischt-Destinatiounslänner (Italien, Griichenland, Spuenien) hu ganz aner Interessie wéi d'Zweet-Destinatiounslänner (Däitschland). 2015, um Héichpunkt vun de Flüchtlingsbeweegungen an Europa, war Däitschland solidaresch, mat der "Wir schaffen das"-Politik vun der Kanzlerin Angela Merkel. Mee no den ëmmer méi rietspopulistesche Positioune vun der bayrescher CSU (Koalitiounspartner vun Angela Merkel), gëtt och Däitschland manner solidaresch.
De Sujet ass also nach laang net gekläert a wäert weider fir vill politesch Diskussiounen op EU-Niveau suergen, ouni datt vill um Terrain ännert.
Analys vum Jean-Claude Franck am Mëttespanorama: