Mënscherechter Konfliktmaterialien an der EU
Den 1. Januar 2021 trëtt d'EU-Reglement iwwer Konfliktmineralien a Kraaft. Vun do u mussen europäesch Betriber, déi dës Matièren importéieren a weiderverschaffen - zum Beispill an Telefonen oder Computeren -, sech un der OECD hir Richtlinnen iwwer eng propper Liwwerketten halen. Dat fir sécherzestellen, datt duerch den Ofbau keng bewaffent Konflikter finanzéiert an d'Mënscherechter agehale ginn.
Gold, Zënn, Tantal a Wolfram sinn déi véier Mineralien, déi ënner déi nei Reglementatioun wäerte falen, huet den Ausseminister Jean Asselborn d'lescht Woch erkläert. Zu Lëtzebuerg géifen et eng 20 Betriber ginn, déi dës Mineralie verschaffen oder domat handelen.
De Jean-Louis Zeien vu Fair Trade wëllt wëssen, wéi eng Betriber dat sinn. Hie fuerdert bei der Ëmsetzung vun den neie Reegelen zu Lëtzebuerg Transparenz: D'Lëtzebuerger Regierung sollt sécherstellen, datt all Joer eng Lëscht vun deenen Entreprisë publizéiert gëtt, déi ënner dat europäescht Reglement iwwer Konfliktmineralie falen.
Transparenz bei den Entreprisen
Als Konfliktmineralie ginn dës Rostoffer da bezeechent, wann hiren Ofbau verbonnen ass "mat bewaffente Konflikter mat massive Mënscherechtsverletzungen, mat Sklaverei vun deenen, déi mussen dono gruewen, mat Mëssbrauch an heiansdo Vergewaltegunge vun de Fraen", ergänzt de Jean-Louis Zeien.
Eng Rei vun den Entreprisen, déi vum neie Reglement betraff sinn, well se ee vun de véier Materialie verschaffen, wiere souwisou scho bekannt, seet de Jean-Louis Zeien, well si dat "en toute transparence" op hirem Internetsite stoen hunn.
Ceratizit vu Mamer ass esou ee Betrib. D'Entreprise mat 8.000 Mataarbechter op 30 Standuerter weltwäit verschafft ënner anerem Wolfram zu extrem ofnotzungsresistente Komponenten. Zum Beispill Messeren an Zänn fir Seeblieder.
D'Fournisseure kontrolléieren
Ceratizit géif elo scho seng Liwwerkette kontrolléieren, wéi de Claude Lanners erkläert. Hire Fournisseur fir Wolfram, op englesch Tungsten, kënnt aus den USA. An do gëllt zanter 2010 den Dodd-Frank Act, deen d'Wall Street no der Finanzkris sollt nei reegelen. Doran gëtt et och ee Passage iwwer Konfliktmineralien, dee fir Entreprisë gëllt, déi op der Bourse quotéiert sinn.
De Claude Lanner preziséiert, datt d'Partner vu Ceratizit, déi hiert Konzentrat aus Afrika an Europa kréichen, herno beweise missten, vu wou d'Material géif kommen.
De Fournisseur vu Ceratizit ass net op der Bourse, wier also net vum Gesetz obligéiert, seng Liwwerketten ze kontrolléieren, sou wéi och Ceratizit de Moment nach net dozou obligéiert wier. Mee zanter dem Dodd-Frank Act froen d'Clienten no, ob d'Liwwerketten, wéi de Claude Lanners seet, konfliktfräi ass. Wann een dat net garantéiere kann, da géif ee riskéiere Clienten ze verléieren, gëtt de Claude Lanners ze bedenken.
Onofhängeg Kontrollen
Dofir huet Ceratizit seng zwee Haaptfournisseure selwer auditéiert. De Claude Lanners war selwer mat: mat engem Fournisseur wier hien eng Kéier an de Ruanda op d'Plaz kontrolléiere gaangen:
"Gëtt et Kanneraarbecht, ginn d'Fraen, Männer uerdentlech traitéiert? Hu si gutt Konditioune fir ze schaffen? De Gros vun der Aarbecht ass jo ënnerierdesch. Hu si Masken, hu si Helmer, hu si hei, hu si do?"
No dëser Kontroll géif een awer net wëssen, wat geschéie géif. Op der Plaz hat hie just Kontakt mam Proprietär vun der Minn.
Nom neie Reglement ass eng Kontroll duerch Drëtter virgesinn, seet de Jean Asselborn. Nëmmen esou hätt ee "wierklech Garantien", datt d'Exploitatioun vun de Minnen esou geschitt, datt keng Mënscherechter verletzt géife ginn.
Domat huet de Claude Lanners vu Ceratizit kee Probleem, wann d'Informatioune confidentiel bleiwen. Nom neie Reglement mussen d'Entreprisen awer och verëffentlechen, wat si ënnerholl hu fir hir Liwwerketten ze kontrolléieren. De Claude Lanners hätt awer wéineg Loscht, "datt mer eis Fournisseuren erausginn". Dat well ee verschidde Produiten direkt mam Fournisseur géif entwéckelen.
Kobalt a recycléiert Material sinn net betraff
Ceratizit schafft awer mëttlerweil mat 60 bis 70 Prozent recycléiertem Material. Dat ass vun den neie Reegelen net betraff.
Net betraff vun den neie Reegelen ass och de Kobalt. Dee gëllt och an Zukunft an der EU net als potenziellt Konfliktmineral. Obwuel d'OECD-Reegelen, déi vum nächste Joer un an der EU gëllen, haaptsächlech am Hibléck op de Biergerkrich an der Demokratescher Republik Kongo an d'Nopeschlänner ausgeschafft goufen, an et do vill méi Kobalt géif gi wéi Wolfram, wéi de Claude Lanners seet.