Koalitiounsverhandlungen "Koalitioun vun der Gerechtegkeet"

De Formateur Xavier Bettel an déi dräi Cheffe vun de Verhandlungsdelegatioune Corinne Cahen, Etienne Schneider a Félix Braz hunn de Mëtteg déi grouss Linne vum Koalitiounsaccord presentéiert. De Xavier Bettel ënnersträicht, datt kee bei der Verhandlunge gewonnen hätt, mee datt jiddweree gläich behandelt gi wier.

Serge Kesseler, Pierre Reyland / cbi

Braz Schneider Cahen Bettel
De Félix Braz, den Etienne Schneider, d'Corinne Cahen an de Xavier Bettel. Foto: Serge Kesseler.

De Programm fir d'Joren 2018 bis 2023 wier dee vun enger "Koalitioun vun der Gerechtegkeet, vun der Innovatioun, vun der Wäitsiicht a vun der sozialer Kohäsioun", esou de Xavier Bettel. Et wier een Accord ënner gläichberechtege Partner, esou den Etienne Schneider. Dem Félix Braz no wier et e bessere Koalitiounsaccord wéi dee vun 2013.

Mindestloun geet ëm 100 Euro an d'Luucht

Um soziale Plang wieren der LSAP hir dräi rout Linnen an dësem Akkord respektéiert ginn, esou den Etienne Schneider. Deemno géif net um Index "gefréckelt" ginn, un de Pensioune géif och näischt geännert ginn. De Mindestloun, esouwuel de qualifizéierten an den net-qualifizéierten, misst "fir Jiddwereen" ëm 100 Euro an d'Luucht goen. Dat soll vum 1. Januar 2019 u geschéien.


Den Etienne Schneider iwwer d'Hausse vum Mindestloun

Lauschteren


An enger éischter Phas soll de Mindestloun ëm 1,1 Prozent an d'Luucht goen. De Rescht géif an den nächste Méint ausgeschafft ginn, an da réckwierkend bis op den 1. Januar ausbezuelt ginn, esou den Etienne Schneider. Wéi genee dës Mesure finanzéiert soll ginn, gouf net präziséiert. Sécher ass awer, datt souwuel Betriber, wéi och de Staat dofir wäerten opkommen.

Steierlaascht fir Betriber geet erof

D'Hausse vum Mindestloun wier eng vun e puer Mesuren am Koalitiounsaccord, déi dofir suerge sollen, datt et de Leit zu Lëtzebuerg besser soll goen, sot hirersäits d'Corinne Cahen.


D'Corinne Cahen iwwer d'Besteierung vu Betriber

Lauschteren


Gläichzäiteg géif d'Steierlaascht fir all d'Betriber ëm ee Prozentpunkt erofgoen. Fir kleng a mëttelgrouss Entreprisë solle Steiererliichterungen a Form vun Abattementer kommen.

E eegene Ministère fir Digitaliséierung

De Formateur Xavier Bettel huet ugekënnegt, datt et en eegene Ministère fir d'Digitaliséierung wäert ginn. Dëst wier eng "horizontal Kompetenz" a géif virun allem wéinst der 5G-Connectivitéit eng grouss Roll spillen. Déi Persoun, déi dëse Ministère kritt, "dee kritt Aarbecht", esou de Xavier Bettel.


Weider confirméiert Punkten aus dem Koalitiounsaccord:

  • Den ëffentlechen Transport soll gratis an ausgebaut ginn
  • D'Kilometerpauschal soll reforméiert ginn
  • D'Grondsteier soll reforméiert ginn
  • De Mindestloun soll op den 1. Januar ëm netto 100 Euro klammen, een Deel dovu kënnt réckwierkend
  • Fir de Konsumenteschutz a fir d'Digitaliséierung sollen et eegestänneg Ministèrë ginn
  • Cannabis soll legaliséiert ginn
  • Weider geplangte Mesurë sinn een nationaalt Erausklammen aus dem Glyphosat fir Enn 2020
  • 20 Prozent Undeel vun der Biolandwirtschaft bis 2025

Vereedegung vun neier Regierung e Mëttwoch

Detailer iwwer d'Ressortverdeelung an d'Membere vun der nächster Regierung goufen et op der Pressekonferenz keng, mee sollen e Freideg bekannt ginn. D'Ënnerschrëft vum Koalitiounsaccord ass fir den nächste Méindeg virgesinn. Den Dag drop, dënschdes kommen d'Parteigremien zesummen. E Mëttwoch soll déi nei Regierung da vereedegt ginn.

Méi zum Thema

Koalitiounsverhandlungen
Koalitiounsverhandlungen

D'Koalitiounsverhandlunge sinn ofgeschloss an d'Eckpunkter sollen haut virgestallt ginn. Fir iwwer den Accord an iwwer d'Posten ze decidéieren, mussen awer nach d'Parteigremien zesummekommen.

2018-11-28-Koalitiounsgespréicher
Chamberwahlen 2018

D'Koalitiounsverhandlunge goufen haut am fréie Mëtteg - éischter wéi geplangt - ofgeschloss. Dat huet de Formateur Xavier Bettel matgedeelt. Op alle Punkte wiere politesch Accorde fonnt ginn.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen