Riicht eraus Klimaschutz: Lëtzebuerg wäit ewech vum Zil
D'Lëtzebuerger Regierung misst beim Klimaschutz elo liwweren, fuerdert d'Martina Holbach vu Greenpeace Lëtzebuerg. Blo-rout-gréng misst séier eng kloer Strategie a Mesuren annoncéieren, wéi d'CO2-Reduktiounsziler sollen erreecht ginn a wéi Lëtzebuerg aus dem Tanktourismus an aus de fossillen Energië wëll erausklammen. Och de Finanzsecteur misst méi mat abezu ginn.
De systemesche Wiessel, deen néideg ass, fir de Paräisser Klimaschutzaccord vun 2015 kohärent ëmzesetzen, wier zu Lëtzebuerg nach net an d'Weeër geleet ginn, sou d'Martina Holbach. International hätt d'Regierung, an där zanter 2013 och déi gréng sinn, sech zwar vill fir de Klimaschutz agesat. Et wier positiv, datt Lëtzebuerg zesumme mat siwen aneren EU-Länner méi ambitiéis CO2-Reduktiounsziler an eng CO2-Neutralitéit an der EU bis 2050 fuerdert, mee wéi dat soll erreecht ginn, wier net kloer.
CO2-Emissiounen zu Lëtzebuerg nees geklommen
Um nationale Plang wieren d'CO2-Emissiounen 2017/18 nees ëm siwe Prozent geklommen. Den Undeel vun erneierbaren Energië läit bei ënner sechs Prozent. Dat wier och nach ganz wäit ewech vum Zil vun 11 Prozent, wat bis 2020 soll erreecht ginn.
D'Regierung misst elo séier kloer Mesuren annoncéieren, sou d'Martina Holbach. Den aktuellen Entworf fir e nationale Klima- an Energieplang wier den Ament "nëmme Pabeier":
"Eng rezent Kommunikatioun vum EU-Conseil seet, wa Lëtzebuerg net geschwë Mesuren ergräift, da wäerte mir eis 2020er Ziler net erfëllen, an déi vun 2030 scho guer net. Ech denken, datt déi lescht Regierung et wierklech verpasst huet, fir e Klimaschutzgesetz mat sektorielle Moossnamen, mat ganz konkrete Mesuren op de Wee ze bréngen. An ech mengen, dës Regierung ass elo wierklech an der Bréngschold. Dës Regierung muss elo liwweren."
Klimawandel eng Realitéit zu Lëtzebuerg
Virun 30 Joer, wéi d'Martina Holbach bei Greenpeace Lëtzebuerg ugefaangen huet, wier d'Diskussioun iwwer de Klimawandel nach an de Kannerschong gewiescht. Deemools wier déi visibel Ëmweltverschmotzung, zum Beispill den Damp aus de Kamäiner vun de Stolfabrécken, méi däitlech gewiescht. De Klimawandel wier éischter eppes Abstraktes gewiescht, eppes wat een net direkt gesinn huet.
Dat wier haut anescht. Och zu Lëtzebuerg wier de Klimawandel elo däitlech z'erkennen. Als Beispiller nennt d'Martina Holbach déi rezent Iwwerschwemmungen am Ärenzdall, Drécheperioden, den niddregen Niveau vum Stauséi,oder nach e Réckgang vun de Grondwaasserreserven.
Angscht viru Verännerungen
Datt d'Fakte vum Klimawandel (an dem Mënsch säin Afloss dorop) nach ëmmer vu Skeptiker dementéiert ginn, erkläert Martina Holbach zum Deel doduerch, datt d'Leit Angscht viru Verännerungen hätten. Si hätten Angscht u Wuelstand ze verléieren. Déi Angscht wier awer net fundéiert, seet d'Martina Holbach.
Allerdéngs misst et bei de Leit och en Ëmdenke ginn, wat Wuelstand iwwerhaapt bedeit. Dat hätt näischt mat Verzicht ze dinn, mee mat enger Ëmbesënnung op aner Wäerter. D'Wirtschaft misst och méi op d'Wuelbefannen orientéiert ginn.
Tanktourismus: Ëmmer nees "Excusen"
Et wier kloer, datt de Lëtzebuerger Staat net vun haut op muer op de Recette vun den Accisen um Bensin an Diesel ka verzichten. Mee dat wier elo schonn zanter iwwer 10 Joer gewosst, sou d'Martina Holbach. Et géif awer bis haut u kloren Annoncë vun der Regierung feelen, wéi a bis wéini Lëtzebuerg ganz aus dem Tanktourismus wëllt erausklammen. Et géif net duer goen, d'Accisen um Sprit "e bëssen" eropzesetzen, sou wéi dat rezent gemaach gouf. Et géif un engem Konzept feelen.
"Et ginn ëmmer nees Ausriede gemaach, fir net aktiv beim Tanktourismus ze ginn. A mir wëssen awer genee: an 10-20 Joer ass et an Europa generell eriwwer mat de fossille Brennstoffer."
Erneierbar Energien: Potential net realiséiert
Den Undeel vun erneierbaren Energien am Gesamt-Energiemix zu Lëtzebuerg läit bei ënner sechs Prozent. Wäit ewech vum Zil vun 11 Prozent bis 2020. Ee Grond dofir wier d'Bäimësche vu sougenannten Agrarbrennstoffer. Déi wiere net nohalteg, well fir hir Produktioun Reebësch ofgeholzt a Monokulturen ugebaut géife ginn, sou d'Martina Holbach.
D'Agrarbrennstoffer ginn awer mat an den Undeel vun erneierbaren Energien aberechent. Wann ee se do géif eraushuelen, géif ee mierken, datt den Undeel vun erneierbaren Energien, dee reng hei zu Lëtzebuerg produzéiert gëtt, nach vill méi kleng wier. D'Martina Holbach mengt, d'Energieproduktioun duerch Sonn, Wand a Biomass zu Lëtzebuerg géif grad emol zwee Prozent ausmaachen.
Finanzsystem: Klimawandel wier e systemesche Risiko
D'Martina Holbach begréisst d'Initiativ vun der Regierung, fir de Finanzsecteur méi "gréng" ze maachen a fir Lëtzebuerg als Virreider vu gréngen a nohaltege Finanzen ze positionéieren.
Déi gréng Bourse zu Lëtzebuerg, weltwäit Nummer eent fir sougenannte gréng Optiounen (green bonds), géif awer nëmme ronn sechs Prozent ausmaache vun den Aktive vun der Fongenindustrie.
Vun den anere 94 Prozent géif nach ëmmer e groussen Deel a fossil Energien investéiert, oder a Betriber, déi e Lien hunn zum fossillen Energiesecteur, sou d'Martina Holbach. Genee Zuelen nennt si net. Si schätzt awer, datt 10-20 Prozent vum Volume vun de Fongen zu Lëtzebuerg direkt oder indirekt a fossil Energien investéiert ginn.
D'Fongenindustrie misst mat neie Regulatioun gezwonge ginn, méi Transparenz ze schafen. Fir datt Investisseure kënne gesinn, a wéi wäit hir Suen a fossil Energieprojeten oder Firme fléissen.
"Wann de Paräisser Klimaschutzaccord wierklech konsequent ëmgesat gëtt, da musse mir esou séier ewéi méiglech aus de fossillen Energien erausklammen. Dat heescht: déi Investitiounen an déi Industrien, dat si sougenannt "stranded assets". Dat ass eng Blos, déi mir kreéieren, déi muer net méi ganz vill wäert ka sinn. An eis dreet mam Klimawandel en ähnleche systemesche Risiko wéi senger Zäit bei der Finanzkris 2008."
Pensiounsfong: Investitiouns-Strategie iwwerschaffen
Déi rezent Warnung vum Netzwierk vun Zentralbanken, datt Investitiounen an de fossillen Energiesecteur e finanzielle Risiko fir Banken a Finanzinstituter duerstellen, misst zu Lëtzebuerg vill méi diskutéiert ginn, mengt d'Martina Holbach. D'Regierung, d'CSSF an d'Zentralbank missten déi Risike kloer identifizéieren a kommunizéieren. Well d'Lëtzebuerger Wirtschaft sou staark vum Finanzsecteur ofhängeg ass, misst kloer gesot ginn, wéi eng Risiken de Klimawandel fir d'Finanzplaz duerstellt.
Och d'Investitiounsstrategie vum Lëtzebuerger Pensiounsfong misst iwwerschafft ginn. De norwegesche Pensiounsfong hätt zum Beispill rezent decidéiert e groussen Deel vun Investitiounen a fossil Energiefirmen zeréckzezéien, an an erneierbar, nohalteg Energien ze re-investéieren.
Klimaschutz: Decisioune misste vun der Politik geholl ginn
D'Martina Holbach ass d'Accord, datt een och als eenzel Persoun zum Klimaschutz bäidroe kann. Et géif si an der Diskussioun zu Lëtzebuerg, och vu Säite vun der Politik, awer stéieren, wa gesot gëtt, deen Eenzele misst et maachen:
"D'Decisioune musse vun der Politik geholl ginn. Wann d'Politik et net fäerdeg bréngt, beim Klimaschutz Virgaben ze ginn, un d'Betriber, un d'Industrie, un d'Stéit, oder un de Finanzsecteur, wann d'Politik déi Virgaben, wou et hi geet, net liwwere kann, da bréngt alles, wat deen Eenzele mécht, net vill."