Erneierbar Energie Kënschtlech Insele virun Dänemark

Fir eppes iwwer 28 Milliarden Euro wëllt Dänemark kënschtlech Inselen an der Nordsee bauen. Do soll Energie aus sougenannten Offshore-Anlage gespäichert a weidergeleet ginn. Lëtzebuerg weist sech um Projet interesséiert a wëllt sech bedeelegen.

Jacques Ganser / cbi

Wandmillen
Ronderëm déi kënschtlech Insel solle Wandmille fir erneierbar Energie opgebaut ginn. Foto: picture alliance / Zoonar | Fokke Baarssen

Lëtzebuerg huet e Problem mam Undeel u selwer produzéierter erneierbarer Energie. Eigentlech sollt eist Land bis 2020 en Taux vun eelef Prozent erreechen, bis 2030 sollen et souguer 25 Prozent sinn. Well gutt Standuerter fir Wandmille limitéiert sinn, gëtt virleefeg emol op den Ausbau vun der Photovoltaik gesat. D'Iddi vun der Participatioun un enger Energieinsel an der Nordsee wier dem Energieminister Claude Turmes deemno eng gutt Geleeënheet:

D'Zil vun 2020 géif een erreechen, et hätt een ongeféier 10 Prozent vum Stroum, deen a Lëtzebuerg produzéiert gëtt, an ee Prozent géif a Kooperatioun mat Litauen an Estland entstoen. Fir 2030 geet de Claude Turmes dovunner aus, datt ee 17-18 Prozent, vläicht souguer 20 Prozent zu Lëtzebuerg ka produzéiert ginn. Fir déi aner fënnef bis aacht Prozent géifen een iwwer de Wee vun enger Kooperatioun goen, wéi kënschtlech Insele virun Dänemark.

Lëtzebuerg bedeelegt sech

Konkret wëllt Dänemark virun der eegener Küst an der Nordsee eng kënschtlech Insel bauen, déi dann iwwer Elektrokabel mat e puer europäesche Staate verbonne gëtt. Op der Insel selwer gëtt also kee Stroum hiergestallt, déi soll haaptsächlech als Basis fir Maintenanceaarbechten um Wandpark, als Verdeelerstatioun an als Produktiounsplaz vu gréngem Waasserstoff genotzt ginn. Si gëtt zu 51 Prozent vum dänesche Staat finanzéiert, de Rescht wäert vu privaten Entreprisë gehale ginn.

Nodeems d'Insel gebaut ass soll et eng grouss Ausschreiwung gi fir "am grousse Stil" Offshore-Wandanlagen ze bauen. Lëtzebuerg wëllt sech un dëser Ausschreiwung bedeelegen, seet de Claude Turmes:

"Konkret Beispill: Sou Anlagen dat sinn, komm mir soen 1.500 Megawatt, an da géife mir als Lëtzebuerg 5 oder 10 Prozent vun esou enger Ausschreiwung mat maachen, an da kënne mir eis deen erneierbare Stroum urechne loossen op eist erneierbaart Zil. "

De Claude Turmes erwaart sech awer net nëmmen en ökologesche Bonus, scho bei der Ausschreiwung fir de Bau vun der Insel kéint lëtzebuergeschen Technologie-Knowhow zum Zoch kommen. Zu Lëtzebuerg géifen et Investmentfongen, d'Europäesch Investmentbank oder och spezialiséiert Firme ginn, déi scho kënschtlech Insele gebaut hunn.

Ee Prestigeobjet

Sollt de Projet an der aktueller Form realiséiert gi wier et fir Dänemark dee gréisste Chantier an der Geschicht mat engem Gesamtinvest an Héicht vun iwwer 28 Milliarden Euro. Nach awer ass net kloer, wéini de Projet soll realiséiert ginn, mat Lëtzebuerg besteet elo mol en Preaccord tëscht béiden Energieminister.

Dänemark selwer iwwerdeems gesäit ganz grouss, mat enger Kapazitéit, déi um Enn ob zéng Gigawatt soll klammen an dann 10 Millioune Stéit an Europa mat Energie ka versuergen. E Prestigeobjet fir zukünfteg Energiesystemer ass de Projet, wann en da bis realiséiert ass, sou oder sou.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / / Jacques Ganser
Lauschteren

Méi zum Thema

Wandmillen
Mäin Europa

Fir 2020 wëllt Europa säin Undeel un erneierbaren Energien op 20 Prozent bréngen. 2030 sollen et 32 Prozent sinn. Wéi eng Roll spillt de Staat, fir den Ausbau ze fërderen?

Wand- a Solarkraaft
Energiepolitik

Den Undeel un erneierbaren Energien am gesamte Konsum soll bis 2020 bei 11 Prozent leien. Wand- a Solaranlage solle massiv ausgebaut ginn. Iwwer ee Règlement grand-ducal ginn nei Moossnamen ergraff.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen