De CHL-Gereraldirekter iwwer Coronavirus "Keng Saach vun Angscht, mee vu vernünftegem Virgoen"

Ob de Romain Nati Angscht huet sech ze infizéieren, freet den 100,7-Journalist Maurice Molitor de Generaldirekter vum Spidol CHL (op der Areler Strooss). D'Äntwert vum Romain Nati: Dat ass keng Saach vun Angscht, mee vu vernünftegem Virgoen. Dofir war eisen Invité vum Dag vu bausse live zougeschalt, an hien huet sech net an de Studio deplacéiert.

Maurice Molitor / Jean-Claude Franck / cz

Dr Romain Nati
De Romain Nati ass de Generaldirekter vum CHL

Eng Persoun wier den Ament wéinst der Covid-19-Krankheet op der Intensivstatioun, 11 (déi hospitaliséiert waren) wieren nees doheem, esou de Romain Nati.

Et wéisst kee sou richteg, wat kënnt, esou de Romain Nati. Et wéilt een d'Infektiounswell elo an der Längt strecken. Wann d'Preventiounsmesuren duerchgesat ginn, kéint dat geléngen, mee da misst drop gehale ginn, datt sech dru gehale gëtt: "Mir si lo net beim 'Du solls doheem bleiwen' mee beim 'Du muss doheem bleiwen' ", seet de Generaldirekter vum Centre Hospitalier.

De Centre Hospitalier huet 50 Beootmungsgeräter, 24 dovu si fir Corona-Patienten. De Romain Nati seet, am CHL hätt een Tendenz fréi ze intubéiere fir d'Schied un der Long kleng ze halen. Déi Geräter géife bei engem Patient 2-3 Woche lafen. Den CHL wéilt op 80 esou Geräter eropfueren, de Ministère hätt zougesot.

Ass och bei Iech am Haus geklaut ginn, freet de Maurice Molitor de Romain Nati: "Net am grousse Stil, mee et ass effektiv geklaut ginn." Den Desinfektiouns-Gel op de Stäck wier méi séier eidel oder fort gewiescht, wéi een en opgehaangen hätt.

Et wier ee confiant, datt een de Virus meeschter gëtt, esou de Romain Nati am 100,7-Interview. Et géif beim Personal eng "Kampfbereetschaft" ginn.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Programm

Praktesch Infoen

  • 27.5. Generatiounen

    27.5. Generatiounen

    Sonn duerch Vitaminnen, eng richteg Kinosfamill an de Feeling vum Café des Artistes bei Iech an d'Stuff

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen